Fir déi zweete Kéier bannent enger Woch huet Russland Rakéiten an Dronen op e Wunngebai zu Kiew lancéiert. E Méindeg, een Dag virum NATO-Sommet, sinn dobäi op d'mannst 22 Mënschen ëm d'Liewe komm a ronn 60 goufen der blesséiert. Ufanks war nach vun 18 Doudesaffer rieds.
De President Wolodymyr Selenskyj huet déi Alliéiert no den neien Attacken dozou opgeruff, "staark Decisiounen" ze huelen, fir déi ukrainesch Loftdefense ze stäerken. Réischt virun e puer Deeg hat eng grouss ugeluechte russesch Attack zu Kiew méi wéi 30 Mënschen ëmbruecht. D'EU huet och gesot, datt d'Loftdefense vun der Ukrain gestäerkt misst ginn. Um NATO-Sommet en Dënschdeg soll et op en Neits Gespréicher tëscht dem ukrainesche President an dem Donald Trump ginn.
D'Attack e Méindeg de Moie soll dem Selenskyj no mat 68 russesche Rakéiten an 351 Dronen duerchgefouert gi sinn. Am betraffenen héije Wunngebai an der ukrainescher Haaptstad ass ee gréissere Krater am Daach an an de Stäck drënner ze gesinn. AFP-Reporter vun der Plaz hate méi wéi 10 Explosioune wärend engem Rakéitenalarm an der Nuecht héieren.