
Annerhallef Woch no den uergen Äerdbiewen a Venezuela ass d'Zuel vun den Doudegen op 3.342 geklommen. Dat deelt déi venezuelanesch Regierung e Sonndeg mat. Donieft wieren iwwer 16.700 Leit blesséiert ginn.
Wéi vill Leit nach vermësst ginn, huet d'Regierung net matgedeelt. D'Autoritéite vum südamerikanesche Land hunn et bis ewell evitéiert, sech dozou ze äusseren. Schätzunge vun de Vereenten Natiounen no kéint d'Zuel vun de Vermëssten awer bei bis zu 50.000 leien.
Op engem Kierfecht zu La Guaira goufen e Sonndeg d'Läiche vun 159 net-identifizéierten Affer bäigesat, wéi Reporter vun der Noriichtenagence AFP mellen. Donieft hu si d'Griewer vu 95 identifizéierten Doudesaffer op enger anerer Plaz vum Kierfecht gesinn.
D'Iwwergangspresidentin Delcy Rodríguez huet garantéiert, datt et no de Biewen net zu Onroue komme wäert. "Et wäert keng Onroue ginn, wat mir hei hunn, ass déif gesellschaftlech Solidaritéit", esou d'Rodríguez e Sonndeg bei enger Militärzeremonie am Kader vum Onofhängegkeetsdaags vum Land.
Vill Venezuelaner hunn déi lues Reaktioun vun der Regierung an déi spéit Interventioun vun den Hëllefsekippen nom Biewe staark kritiséiert. D'Rodríguez huet d'Mesurë verdeedegt an erkläert, datt Dausende Beamten a Secouriste geschéckt gi wieren, fir beim Bierge vun den Affer an der Sich no Iwwerliewenden ze hëllefen.
Eelef Deeg nom Äerdbiewen hunn déi international Rettungsekippen hir Sich no Iwwerliewende gestoppt. Famillje probéieren iwwerdeem weiderhin, d'Läiche vun hire Familljememberen aus de Stécker ze biergen.
De 24. Juni gouf et am Norde vu Venezuela zwee staark Äerdbiewe kuerz hannerteneen. Am schlëmmste betraff war de Bundesstaat La Guaira nërdlech vun der Haaptstad Caracas.