
En Dënschdeg gëtt a Frankräich e wichtegt Geriichtsurteel erwaart, mat deem sech wäert decidéieren, ob d'Marine Le Pen nach eng Kéier fir d'Presidence kandidéiere kann. Déi rietspopulistesch Politikerin géif fir déi véiert Kéier untrieden – an hätt dës Kéier méi grouss Chancë wéi jee virdrun.
Falls d'Geriicht si fir d'Walen zouléisst, gëllt si souguer als Favorittin.
Wann net, steet schonn den 30 Joer jonke Parteipresident vum Rassemblement National (RN), den Jordan Bardella, prett, fir ze iwwerhuelen. Hie bereet sech schonn zanter Méint op eng méiglech Kandidatur vir.
Am Appellsprozess geet et drëm, ob d'Le Pen an 10 aner Persoune Salairë fir EU-Parlamentsassistente benotzt hunn, fir d'Parteifinanze vum RN ze stäerken. D'Le Pen huet d'Virwërf vu sech gewisen, wéi schonn am éischte Prozess.
Am Mäerz 2025 war si an éischter Instanz zu véier Joer Prisong verurteelt ginn – zwee dovu mat Sursis, zwee mat enger elektronescher Foussfessel. Weider krut si fir fënnef Joer verbueden, ze kandidéieren, wat direkt a Kraaft getrueden ass.
Sollt d'Geriicht dës Decisioun confirméieren, dierft d'Le Pen net bei de Presidentschaftswale matmaachen.