Kuerz viru Nato-SommetNetanjahu warnt Trump viru Verkaf vu Kampfjetten un d'Tierkei

AFP, iwwersat vun RTL
D'F35 gëllt als ee vun de modernste Kampfjetten op der Welt. Dëse Fliger gouf a sech vun den USA an Zesummenaarbecht mat der Tierkei an aneren Nato-Staaten entwéckelt.
© EVAN VUCCI/AFP

Kuerz virum Nato-Sommet zu Ankara huet den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu den US-Präsident Donald Trump virun engem Verkaf vu Kampfjetten un d'Tierkei gewarnt. Den Netanjahu sot e Méindeg dem US-Sender Fox News géigeniwwer, d'Tierkei dierft keng F35-Maschinnen oder Kampfjet-Düse kréien. Dëst géif "d'Gläichgewiicht am Noen Oste stéieren", dat duerch déi israeelesch Loftwaff an dem US-Militär géif garantéiert ginn.

Den Donald Trump huet an deem Kader gesot, hie wäert den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan warscheinlech "ganz glécklech" maachen. Experte rechnen domadder, dass den Donald Trump dem Erdogan am Kader vum Nato-Sommet, dee jo en Dënschdeg an e Mëttwoch ass, ronn 40 F110 Kampfjet-Düsen wäert zousoen. D'Tierkei wëll dës a sougenannte KAAN-Tarnfligeren aus eegener Produktioun abauen. Dës sollen dann déi al F16-Maschinnen vun der tierkescher Loftwaff ersetzen.

Doriwwer eraus huet den tierkesche President méi dacks schonn de Wonsch no F35-Fligeren geäussert. Dofir wier allerdéngs d'Zoustëmmung vum US-Kongress néideg, an deem et Widderstand géint déi genannte Waffegeschäfter gëtt.

D'F35 gëllt als ee vun de modernste Kampfjetten op der Welt. Dëse Fliger gouf a sech vun den USA an Zesummenaarbecht mat der Tierkei an aneren Nato-Staaten entwéckelt. D'USA hunn Ankara allerdéngs 2019 vum Projet ausgeschloss, nodeems den Nato-Partner Rakéitenofwiersystemer vu Russland ofkaaft huet. Den Donald Trump huet d'Bezéiunge mat der Tierkei zënterhier awer nees däitlech verbessert.

Back to Top
CIM LOGO