
China huet e Méindeg en ongewéinlecht Zeeche vu senger militärescher Kraaft gesat, dat mat engem Test vun enger strategescher Rakéit, déi vun engem U-Boot am Pazifik ofgeschoss gouf. Autoritéite no gouf d'Rakéit um 12:01 Auer Lokalzäit ofgeschoss an huet genee déi virgesinne Mieresregioun getraff.
Den Test gouf domadder um selwechten Dag duerchgefouer, op deem Australien a Fidschi en Ofkommes am Beräich Verdeedegung ënnerschriwwen hunn – e Schratt, mat deem Canberra seng Relatioune mat de Pazifikinselstaate stäerke wëll, fir dem Afloss vu Peking an der Regioun entgéintzewierken.
Mam Bau vun neie Spideeler, Stroossen a Sportinfrastrukturen investéiert China zanter Jore massiv an d'Pazifikinselen.
Déi chineesesch Autoritéiten hu betount, den Test wier Routine vun der Arméi an déi betraffe Länner wiere virdrun informéiert ginn. Ma Neuseeland huet kritiséiert, datt d'Warnung eréischt e puer Stonne virum Test komm wier.
Australien huet de Rakéitentest iwwerdeems als "destabiliséierend" bezeechent, Japan huet "seriö Bedenken" ausgedréckt a gefuerdert, d'Testpolitik ze iwwerdenken.
Peking huet an de leschte Jore seng Nuklearcapacitéiten ausgebaut an och säi Militärbudget staark erhéicht. US-Autoritéite ginn dovun aus, datt China Stand Mee 2023 méi wéi 500 operationell nuklear Sprengkäpp hat an d'Zuel bis 2030 op iwwer 1.000 klamme kéint.