
Biller vum staatleche Sender Irib hunn e Méindeg de Moie riseg Mënschemasse gewisen, déi um Wee vum Sarg duerch d'Haaptstad stoungen. Den Trauerzuch soll eng zéng Stonnen daueren an ass den Héichpunkt vun der ëffentlecher Trauerzeremonie fir de Chamenei, deen den 28. Februar bei US-israeeleschen Attacken ëm d'Liewe koum.
D'iranesch Autoritéite waren ëm e geuerdenten Oflaf vun den Trauerfeierlechkeete beméit. "Mir bieden d'Bevëlkerung, friddlech bei d'Asadi-Plaz ze goen", wou den Trauerzuch laanscht komme soll, huet de Generol Hassan Hassansadeg, e ranghéije Kommandant vun den iranesche Revolutiounsgarden, erkläert.
D'Autoritéiten hunn en änleche Chaos gefaart wéi bei der Trauerzeremonie fir dem Chamenei sengem Virgänger, Ajatollah Ruhollah Khomeini, am Joer 1989. Deemools ware bei engem Massenoplaf wärend der Trauerfeier méi wéi zéng Leit ëm d'Liewe komm an iwwer 10.000 weiderer blesséiert ginn, wéi déi iranesch staatlech Noriichtenagence Irna uginn huet. Ausserdeem haten d'Leit d'Gefier gestiermt, woubäi d'Läichenduch zerrappt gouf an déi stierflech Iwwerreschter vum Khomeini op de Buedem gefall sinn.
Am Ganzen hunn d'Autoritéiten zu Teheran mat bis zu 20 Millioune Participantë wärend den deeglaangen Trauerfeierlechkeete gerechent. E Sonndeg an e Méindeg goufen zu Feierdeeg erkläert, fir datt d'Bevëlkerung dem Chamenei Äddi soe kann.
De Chamenei stoung zanter 1989 un der Spëtzt vum klerikale System am Iran a war domat de Mann mam meeschte Pouvoir am Staat. Den erzkonservativen ieweschte Leader war um éischten Dag vum US-israeelesche Krich géint den Iran bei engem Ugrëff op seng Residenz zu Teheran ëm d'Liewe komm. Nieft dem 86 Joer ale Chamenei sinn och e puer vu senge Familljememberen a weider ranghéich Vertrieder vun der iranescher Spëtzt ëmkomm.
Bei der Attack den 28. Februar soll och dem Chamenei säi Bouf Modschtaba Chamenei blesséiert gi sinn. Hie gouf méi spéit zum neien ieweschte Leader ernannt. Hie war zanterhier net méi ëffentlech opgetrueden.
Nom Trauerzuch soll de Sarg en Dënschdeg an déi schiitesch Stad Ghom bruecht ginn an e Mëttwoch an d'Nopeschland Irak. D'Begriefnes ass fir en Donneschdeg an der Heemechtstad vum Chamenei Maschhad am Nordoste vum Iran virgesinn. Do soll hien zesumme mat senge Familljemembere begruewe ginn.