Illegal Party2.500 Persounen hunn a Frankräich zesumme Silvester gefeiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi déi franséisch Noriichtenagence AFP schreift, wieren d'Gäscht aus verschiddenen Departementer ugereest, esouguer deelweis aus dem Ausland.

Illegale Silvester-Rave gouf et op Silvester an der Bretagne. Ronn 2.500 Mënschen hunn an der franséischer Stad Lieuron, just südlech vu Rennes, eng illegal Silvester-Party gefeiert. Wéi d’Party opgeléist gouf, koum et am Ufank zu Ausernanersetzungen. 3 Police-Beamten goufe blesséiert. De franséische Parquet enquêtéiert.

Et goufen Desinfektiounsmëttel a Maske verdeelt, fir de Risiko ze miniméieren, sech mam Coronavirus unzestiechen.

D’Noriichtenagence AFP mellt iwwerdeems, dass och zu Marseille a bei Paräis Partyen opgeléist goufe wou sech tëscht 100 an 300 Leit getraff hunn. De Sender FranceInfo mellt donieft, dass d’Police an der Normandie eng Feier vu bal 200 Leit opgeléist huet.

A Frankräich gëllen den Ament streng Kontakt-Restriktiounen. Recommandatioune vun der franséischer Regierung no sollte sech op Silvester net méi wéi 6 Persounen treffen. Donieft gëllt bei eise franséischen Noperen tëscht 20 Auer owes a 6 Auer moies eng Ausgangsspär.

Back to Top
CIM LOGO