Weider keng Deeskalatioun a SiichtUSA gräifen Tanker an der Hormus-Strooss un, op en Neits Explosiounen am Kuwait a Bahrain

AFP, iwwersat vun RTL
Am Noen Oste stinn d'Zeechen weider net op Deeskalatioun: Zanter enger Woch bréckelt de provisoresche Friddensaccord tëscht den USA an dem Iran zolidd.
Im Iran-Krieg scheint eine Deeskalation nicht in Sicht, im Gegenteil: Die US-Streitstreitkräfte haben erneut Angriffe auf Ziele im Iran gestartet, im Gegenzug meldete die Armee der Islamischen Republik Attacken auf US-Stützpunkte in der Region.
D'USA hunn déi éischte Kéier zanter der neier Blockad e Schëff an der Strooss vun Hormus mat Gewalt gestoppt.
© US NAVY/AFP

Elo huet déi amerikanesch Arméi weider Bombardementer lancéiert: Dorënner och op een Tanker-Schëff, dat versicht hat déi iranesch Hafeblockade ze duerchbriechen. Zanter dem leschte Weekend blockéiert den Iran dann och d'Hormus-Strooss nees. Am Norden an Nordoste vum Iran gouf et en Donneschdeg an de fréie Moiesstonnen Explosiounen.

Den US-Regionalkommando Centcom begrënnt déi nei Attacken domat, datt déi iranesch Capacitéite fir d'Menace vun der fräier Schëfffaart an der Strooss vun Hormus ausgeschalt solle ginn. En US-Kampffliger hätt donieft op en Tanker-Schëff geschoss, dat probéiert hätt, déi iranesch Hafeblockad ze duerchbriechen - déi éischte Kéier, datt d'US-Arméi zanter der neier Blockad en Dënschdeg e Schëff mat Gewalt gestoppt huet. De Kampffliger hätt dofir "Hellfire-Rakéiten an de Kamäin vum Schëff geschoss", esou Centcom weider.

Iranesch Medie mellen iwwerdeem Explosiounen an e puer Stied. Och zu Teheran wieren en Donneschdeg de Moien d'Loftofwiersystemer aktivéiert ginn. Affer wieren awer bis ewell keng gemellt ginn. Och am Westen an Norde vum Iran wieren Explosiounen ze héiere gewiescht. Eegenen Aussoen no hätt den Iran mat Dronenattacken op US-Infrastrukturen a Jordanien geäntwert. Dobäi wiere Radar- a Kommunikatiounssystemer souwéi Spritlager um Loftwaffestëtzpunkt Al-Asrak an d'Viséier geholl ginn.

Och Kuwait mellt iranesch Attacken. D'Loftofwier géing Dronenattacke vum "iraneschen Aggresseur" bekämpfen, sou déi kuwaitesch Arméi. Am Bahrain gouf iwwerdeem op en Neits Loftalarm ausgeléist. Den Inneministère huet d'Leit opgeruff, roueg ze bleiwen a Schutz ze sichen. Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn dann och matgedeelt, eng US-Flott, déi am Golfstaat stationéiert ass, ugegraff ze hunn.

D'Staate vun der Regioun fuerdere vu Washington zanter dem Ufank vum Iran-Krich an den domat verbonnen Attacken op hir Länner méi Ënnerstëtzung bei der Loftofwier. D'US-Regierung huet elo gréng Luucht fir de Verkaf vu Rëschtungsgidder am Wäert vu knapp zwou Milliarden Dollar u Saudi-Arabien ginn. Domat soll virun allem d'Loftverdeedegung vum Land verbessert ginn, heescht et vum Ausseministère zu Washington.

Och an der nordirakesche Kurdemetropol Erbil waren e Mëttwoch den Owend e puer Explosiounen ze héieren. Dat an der Géigend vum US-Konsulat. Wéi AFP-Journaliste mellen, ware fir d'éischt e puer Dronen iwwer Erbil ze gesi gewiescht, éier dës vun der Loftofwier ofgeschoss goufen.

D'Lag an der ganzer Regioun eskaléiert zanter e puer Deeg nees. Eigentlech hat et zanter Ufank Abrëll eng Wafferou ginn, déi awer ëmmer nees gebrach gouf. Déi lescht Woch gouf se du ganz vum Trump gestoppt.

Déi ganz Situatioun wierkt sech dann och nees op d'Wirtschaft aus: Déi südkoreanesch Zentralbank huet de Leetzëns ëm 0,25% gehéicht, de Japanesche Leetindex Nikkei ass ëm 3% gefall.

Back to Top
CIM LOGO