Bilan no Bëschbrand an AndalusienZuel vun Doudesaffer klëmmt op 13

AFP, iwwersat vun RTL
Spuenien ass staark vum Klimawandel, der domat verbonnener Erwiermung an als Konsequenz vu Bëschbränn betraff.
Sieben Todesopfer aus Großbritannien, drei aus Belgien und jeweils eines aus Frankreich, den USA und Spanien - das ist die Bilanz des verheerenden Waldbrands in Andalusien.
Siwen Affer sinn aus Groussbritannien, dräi aus der Belsch an allkéiers eent aus Frankräich, den USA a Spuenien
© AFP

Nom schlëmme Bëschbrand an Andalusien klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer op 13. De Groussdeel vun den Affer koum aus dem Ausland, ënner anerem aus Groussbritannien an der Belsch. D'Feier ass mëttlerweil ënner Kontroll.

Well d'Läichen duerch d'Flame sou staark beschiedegt goufen, hu Gen-Prouwe misse gemaach ginn, fir d'Affer identifizéieren ze kënnen. De Resultater vun den Autopsie no handelt et sech bei den Affer ëm aacht Fraen a fënnef Männer.

An der andalusescher Provënz Almería ass viru knapp enger Woch e grousst Feier ausgebrach. Dobäi sinn ongeféier 7.000 Hektar Land de Flamen zum Affer gefall. Grond fir d'Feier war warscheinlech e Stroumkabel, deen op déi ausgedréchent Vegetatioun gefall ass. Doropshin hu ronn 1.500 Leit d'Gebitt am Süden, an deem vill Auslänner wunnen, misse verloossen.

Spuenien ass staark vum Klimawandel an der domat verbonnener Erwiermung betraff. "Quasi all Dag am Summer 2026 goufe bis elo Temperature gemooss, déi iwwert der normaler Moyenne leien", deelt de Rubén del Campo, Meteorolog beim spuenesche Wiederdéngscht, mat.

Back to Top
CIM LOGO