
Am Ukrainkich gouf et en Donneschdeg jo eng massiv Attack vu russesche Kampf-Dronen op Kiew. Knapp 680 Stéck wiere gezielt ginn, zesumme mat op d'mannst 50 Rakéiten.
Den ukrainesche President Selenskyi huet mëttlerweil 21 Doudesaffer confirméiert, dorënner och Kanner.
D'EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen schwätzt vu feigen Attacken, déi weise géifen, dass Moskau mat de Beméiungen, fir de Krich op en Enn ze bréngen, géif de Geck maachen.
De franséische President Macron seet, et géif weisen, dass Moskau d’Optiounen un der Front géifen ausgoen, fir de Krich militäresch ze gewannen.