DänemarkFréier Kinnigin Margrethe II. wéinst Häerzinfarkt a Klinick

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier dänesch Kinnigin Margrethe II. läit wéinst engem Häerzinfarkt an der Klinick. Si hat 2024 ofgedankt.
D'Kinnigin Margrethe II. vun Dänemark
© AFP

En Donneschdeg huet dat dänescht Kinnekshaus matgedeelt, datt déi fréier dänesch Kinnigin Margrethe II. wéinst engem Häerzinfarkt hospitaliséiert ass. "D'Kinnigin Margrethe gëtt iwwer de Weekend beobacht a wäert fir weider Ënnersichungen an der Klinick bleiwen", sou dat dänescht Kinnekshaus an engem Communiqué. D'Kinnigin wier erschëpft, "awer gudder Déng", heescht et weider.

Soubal et nei Nouvelle géing ginn, géing d'Kinnekshaus nees informéieren, sou déi dänesch Kroun.

D'Margrethe II. gouf de 16. Abrëll 1940 gebuer an ass 1972 nom Doud vun hirem Papp Frederik IX. op den däneschen Troun komm. De 14. Januar 2024 hat d'Kinnigin Margrethe II. iwwerraschend ofgedankt an hat den Troun un hiren eelste Bouf, Frederik X. ofginn.

Back to Top
CIM LOGO