Grand-Duc Guillaume a Jean-Claude Juncker ënner ÉieregäschtFréieren EZB-Chef Mario Draghi mam Karlspräis geéiert

RTL mat AFP
De fréiere President vun der Europäescher Zentralbank, de Mario Draghi, ass en Donneschdeg mam Karlspräis ausgezeechent ginn.
De Mario Draghi bei der Éierung mam Karlspräis. Am Hannergrond de Grand-Duc Guillaume an de Jean-Claude Juncker.
De Mario Draghi wärend der Éierung mam Karlspräis. Ënner den Éieregäscht waren de Grand-Duc Guillaume an de Jean-Claude Juncker.
© Foto von SASCHA SCHUERMANN / AFP

Fir säi Liewenswierk huet den Italieener Mario Draghi en Donneschdeg zu Oochen de Karlspräis iwwerreecht kritt. De fréieren italieenesche Ministerpresident a fréiere President vun der Europäescher Zentralbank gouf ënnert anerem fir seng Verdéngschter wärend der Euro-Finanzkris geéiert. Den haut 78 Joer alen Draghi huet deemools als EZB-Chef gesot, et géif een alles Noutwenneges maachen, fir den Euro ze retten.

Besonnesch ervirgehuewen huet de Comité vum Karspräis awer och den nom Draghi selwer benannte Rapport iwwer d'europäesch Kompetitivitéit, deen hien 2024 virgeluecht huet. An dësem hat hie gewarnt, dass d'Europäesch Unioun méi innovativ misst ginn, wa si net den Uschloss un aner Wirtschaftsmuechten ewéi d'USA oder China verléiere wéilt.

De Comité vum Karlspräis schléisst sech dem Draghi senger Analys un. D'Situatioun wier dramatesch, "Europa dreet, zum Spillball vun anere Muechten ze ginn", heescht et an engem Schreiwes. D'Unioun kéint hir Handlungsfäegkeet nëmme sécheren, wa se méi kompetitiv géif ginn – ekonomesch Stäerkt wier d'Basis fir alles anescht.

D'Laudatio huet en Donneschdeg den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz gehalen. A senger Ried huet de Merz dem Draghi säin decisiivst Handele wärend der Euro-Kris ervirgehuewen. "Dir léiwe Mario Draghi hutt iech ëm Europa verdéngt gemaach", sou den däitsche Kanzler. Dat hätt den Draghi mat Mëttele gemaach, déi "ëmstridde waren". Dat hätt vill Mutt gebraucht, sou de Merz weider. Haut wier den Euro onëmstridden. Dat wier e grousse Verdéngscht, fir deen d'Europäer dem Draghi dankbar wieren, huet de Merz nach betount.

Ënnert den Éieregäscht en Donneschdeg zu Oochen waren och de Grand-Duc Guillaume an de fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

Mam Karlspräis ginn zanter 1950 Perséinlechkeeten oder Institutiounen ausgezeechent, déi sech fir Europa engagéiert hunn. Ënnert anerem de fréiere President vun der EU-Kommissioun Jean-Claude Juncker, de Poopst Franziskus, de franséische President Emmanuel Macron oder de fréieren US-President Bill Clinton kruten de Präis an der Vergaangenheet iwwerreecht. D'Lëtzebuerger Vollek war 1986 als éischt ganzt Vollek mam Karlspräis geéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO