
Den Drock op de brittesche Premier Keir Starmer gëtt ëmmer méi grouss. De brittesche Gesondheetsminister Wes Streeting ass aus Protest géint de Premier zeréckgetrueden. Et gëtt sech erwaart, datt den 43 Joer ale Streeting de Starmer fir de Poste vum Labour-Chef wäert erausfuerderen. Mam Poste vum Parteichef ass och d'Amt vum Premierminister verbonnen, datt de Starmer am Fall vun enger Neierlag misst ofginn.
Brittesch Medien hate scho virun Deeg iwwert e méigleche Récktrëtt vum Streeting spekuléiert. De Streeting huet säi Récktrëtt op der Plattform X annoncéiert an erkläert en hätt d'Vertrauen an de Starmer verluer.