2025 a Bayern21 Joer ale Mann soll no Aaxt-Ugrëff an engem ICE dauerhaft an d'Psychiatrie

AFP
No engem Aaxt-Ugrëff an engem ICE, dee leschte Juli vun Hamburg ënnerwee op Wien war, huet den zoustännege Parquet ugefrot, datt den Ugräifer dauerhaft an d'Psychiatrie soll kommen.
Nach einem Axtangriff in einem ICE auf dem Weg von Hamburg nach Wien vergangenen Juli hat die Staatsanwaltschaft die dauerhafte Unterbringung des Angreifers in der Psychiatrie beantragt. Der 21-Jährige soll schuldunfähig sein.
Den 21 Joer ale Mann soll scholdonfäeg sinn.
© AFP/Archiv

Et wier dovunner auszegoen, datt de Beschëllegte bei der Dot den 3. Juli 2025 scholdonfäeg gewiescht wier, esou de Parquet am bayresche Regensburg e Mëttwoch. Den antëscht 21 Joer ale Mann soll weiderhi geféierlech sinn.

De Mann aus Syrien, deen deemools 20 Joer al war, soll wärend der Faart tëscht Obertraubling a Passau ouni Virwarnung véier Passagéier - dovunner dräi, déi och aus Syrien sinn - ugegraff hunn. Hie soll mat enger Aaxt an engem Hummer fir d’éischt duerch den Zuch gaange sinn an zwee Passagéier béis ugekuckt hunn. Wou ee vun deenen zwee, een 39 Joer ale Mann, den Noutruff ugeruff huet, soll den Ugräifer him bemol mat der Aaxt op de Kap geschloen hunn. Den 39 Joer ale Mann gouf schwéier blesséiert an ass schwaach gefall.

Duerno soll den Ugräifer probéiert hunn, ee 25 Joer ale Syrer mat der Aaxt ëmzebréngen, wat deem seng 51 Joer al Mamm awer verhënnere konnt. Si huet sech virun hire Jong geheit, fir en ze schützen. D’Fra huet een oppene Schädelbroch erlidden. Och hire 15 Joer ale Bouf huet probéiert, dertëscht ze goen, ma hie gouf mat Trëtt, Bëss a Schléi vum Ugräifer blesséiert. Dem 25 Joer ale Mann ass et schliisslech gelongen, den Ugräifer ze iwwerwältegen. Dobäi krut hien och Hëllef vun anere Passagéier.

Dem Parquet no ass de Mann strofrechtlech dem versichten Doudschlag an der geféierlecher Kierperverletzung schëlleg. Wéinst senger psychescher Krankheet ass hien awer scholdonfäeg. Hien ass an engem psychiatresche Spidol. Zu der Saach hätt hie sech bis ewell just “fragmentaresch” geäussert. Hien hätt dobäi bestridden, d’Ofsicht gehat ze hunn, een ëmzebréngen.

Back to Top
CIM LOGO