
De spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez huet nom déidlechen Zuchaccident zu Madrid virun den Deputéierte betount, d’spuenesch Bunn wier “net perfekt”, awer “sécher”. Et géifen all d’Moossnamen ergraff ginn, fir änlech Tragedien an Zukunft ze verhënneren. “Mir ënnersichen dat strikt an informéiere mat Transparenz”, huet de Sánchez verséchert. De “ganze Staat” géif alles Erdenkleches maachen, fir déi Blesséiert an d’Familljemembere z’ënnerstëtzen, d’Ursaach vum Ongléck opzeklären a wann néideg sécherzestellen, dass et Gerechtegkeet gëtt, huet hien nach verséchert.
De sozialistesche Regierungschef steet aktuell ënnert dem Drock vu der rietser a rietsextremer Oppositioun, déi net just e Récktrëtt vum Verkéiersminister Oscar Puente fuerderen, ma och vum Regierungschef selwer.
E Méindeg hat d’Regierung sech mat de Bunngewerkschaften arrangéiert, 1,8 Milliarden Euro an d’Bunn z’investéieren, fir den Entretien an d’Sécherheet ze verbessere souwéi 3.650 nei Plazen ze schafen. “Et bleift nach vill ze dinn, doru besteet keen Zweiwel, an och nach vill ze verbesseren”, betount de Sánchez. Seng Regierung hätt zanter 2018 d’Investitiounen an d’Infrastrukture vun der Bunn quasi verdräifacht.
Den 18. Januar war tëscht Madrid a Sevilla en Zuch vun der privater Bunnentreprise Iryo am andaluseschen Adamuz op enger riichter Streck entgleist a mat engem aneren Zuch kollidéiert, deen entgéint koum. 46 Persoune sinn dobäi ëm d’Liewe komm, iwwer 120 Passagéier goufe verwonnt. Éischten Ermëttlungen no deit alles op e Broch un de Schinne hin op deem Stéck Streck, dat eréischt erneiert gouf.
Nëmmen zwee Deeg méi spéit ass a Katalounien nach en Zuch entgleist. De Maschinist koum dobäi ëm a sëllege Passagéier goufe blesséiert.