Flüchtlinge fanne keng WunnengMinister Hahn: "Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier – do sinn ech doudéierlech"

Serge Pauly
Wëllt den ONA wierklech Famillje mat Kanner virun d’Dier setzen? De Familljeminister Max Hahn reagéiert op een RTL-Reportage, wou eng Fra erzielt huet, dass si esouguer fäert, hir Kanner ewech geholl ze kréien.
Flüchtlinge fanne keng Wunneng - Familljeminister Hahn reagéiert op Kritik
Wëllt den ONA wierklech Famillje mat Kanner virun d’Dier setzen? De Max Hahn reagéiert op eng Fra, déi erzielt huet, dass si fäert, hir Kanner ze verléieren.

D’Blessing Sajowa krut hir Openthaltsgeneemegung am Juli 23. Eigentlech hätt se d’Strukture vum ONA ee Joer drop misste verloossen. Mee si seet, si géif keng Wunneng fannen. Leschten November huet den ONA hir schrëftlech matgedeelt, dass si nëmmen nach bis dëse Mëttwoch an hirem Foyer gedult wier.

De Familljeminister Max Hahn wëllt sech net zu Eenzelfäll äusseren, erënnert awer dorunner, dass d’ONA-Foyeren nëmmen Iwwergangsléisunge sinn: “Nach ass et esou, dass nach ëmmer ganz vill Leit kommen, an an Zäiten, wou mer keng fräi Better hunn, da mussen natierlech och déi Leit, déi laang a ganz laang schonn an de Strukture sinn, mussen dann natierlech och Plaze maachen, fir déi, déi virun der Entréesdier stinn, Leit, déi nei kommen, déi Schutz hei zu Lëtzebuerg sichen, fir deenen hir Chance ze ginn.”

Effektiv géif den ONA unerkannte Refugiéeën – déi sougenannte “Bénéficiaires de Protection Internationale” – aktiv opfuerderen, de Foyer no 12 Méint Kulanz ze verloossen. D’lescht Joer krute 559 Flüchtlingen esou ee Bréif, dorënner och Mineuren. An deene meeschte Fäll géifen déi Betraffen da kuerzfristeg eng Léisung fannen, esou de Minister Hahn. Nëmmen an aacht Dossiere wier et néideg gewiescht, déi concernéiert Leit - all ouni Kanner - no engem Geriichtsurteel mam Dierwiechter virun d’Dier ze setzen.

De Minister Hahn verweist am RTL-Interview ëmmer erëm op op d’Chancen an den Encadrement, deen d’Flüchtlingen zu Lëtzebuerg kréie géifen. Hien ënnersträicht d’Kulanz vu sengem Ministère, betount awer och, dass déi Kulanz net onendlech ka sinn. Mee géif hien - wann et haart op haart kënnt - och eng Famill mat Kanner op d’Strooss setzen? “Déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg ukommen, déi wësse vum éischten Dag un, dass se net wäerten dauerhaft a Flüchtlingsstrukture bleiwen. Wat wier dat och fir eng Situatioun? Se kréien dat net nëmme gesot, se gi begleet am ganze Prozess, se ënnerschreiwen souguer d’Engagementer, wou se nach ee Joer däerfen an der Struktur bleiwen. A wéi gesot gëtt et och do eng gewësse Kulanz, grad a Funktioun vu Vulnerabilitéiten, awer virun allem och wa Kanner derbäi sinn. Dat ass eppes, wou mer ganz sensibel drop sinn”, esou den DP-Minister Max Hahn.

D’Marianne Donven, déi sech fir d’Rechter vun de Refugiéeën engagéiert, hat dem Familljeminister an eisem Reportage reprochéiert, hie géif säi Rôle net kennen, well hie sech hannert de Logementspräisser verstoppt, amplaz de Betraffenen eng Wunneng ze besuergen. E Reproche, dee beim Max Hahn net gutt ukoum: “Jo, de Familljeminister kennt säi Rôle ganz gutt. Ech mengen, ech sinn do, fir deene vulnerabele Leit ze hëllefen. A mir wëssen, dass Wunnen hei zu Lëtzebuerg deier ass. Fir jiddereen hei zu Lëtzebuerg: Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger, a jo, dat gëllt och fir d’Flüchtlingen. An dofir ass et mir ganz wichteg, an dat hunn ech do net fir d’éischt gesot, ech soen dat all Kéiers, wann ech Flüchtlinge begéinen. An ech begéinen där ganz vill, dass mir hei zu Lëtzebuerg eben en deiert Liewen hunn, mat ganz deiere Wunnpräisser. Dofir gëllt et keen Dag ze verléieren, fir d’Sproochen ze léieren, fir sech weiderzebilden, fir esou séier wéi méiglech an Aarbecht ze kommen. Well soss kënnen déi Leit hei zu Lëtzebuerg net reusséieren. Dat ass den Appell, deen ech maachen. An ech mengen, do sinn ech doudéierlech, do sinn ech genee am Rôle vun engem Familljeminister.”

De Minister Hahn seet weider, Lëtzebuerg wier nun ebe keen Eldorado, wou et Sue vum Himmel reene géif. Hie wënscht sech, dass d’Refugiéë sech manner falsch Hoffnunge maachen, respektiv gemaach kréien.


Hei nach emol de Reportage iwwer d’Blessing Sajowa:

Back to Top
CIM LOGO