US-Medie mellenMamm vun US-Moderatorin entfouert: Verdächtege festgeholl an nees fräigelooss

AFP, iwwersat vun RTL
Am Fall vun der entféierter Mamm vun der US-Starmoderatorin Savannah Guthrie ass US-Medien no eng Persoun festgeholl ginn. Kuerz drop koum si nees fräi.
Im Fall der entführten Mutter von US-Starmoderatorin Savannah Guthrie ist US-Medienberichten zufolge ein Mensch zur Befragung festgenommen worden. CNN zufolge wurde bislang keine Anklage gegen die festgenommene Person erhoben.
Am Fall vun der entféierter Mamm vun der US-Moderatorin Savannah Guthrie gouf eng Persoun festgeholl.
© Pima County Sheriff’s Department/AFP

D’Persoun wier fir eng Interrogatioun iwwer d’Entféierung vun der Nancy Guthrie festgeholl ginn, beriichten ënnert anerem d’US-Chaînen CNN, ABC, a Fox en Dënschdeg (Lokalzäit) an hu sech dobäi op Ermëttlungskreesser beruff. CNN no gouf bis ewell keng Uklo géint d’Persoun erhuewen, déi festgeholl gouf. Kuerz Zäit drop gouf matgedeelt, datt d’Persoun, déi festgeholl gi war, nees op fräiem Fouss wier. CNN no wier de Mann bei enger Verkéierskontroll zu Rio Rico an Arizona gestallt ginn. Eng Journalistin vu KNXV sot CNN géigeniwwer, de Mann hätt gesot hie géif emol net wëssen, wien d’Nancy Guthrie wier. Hie géif als Livreur schaffen.

Virdrun hat d’US-Bundespolice FBI Opname verëffentlecht, an deenen ee maskéierten an arméierte Mann ze gesinn ass. Dem FBI-Chef Kash Patel no huet de Mann wéi et schéngt eng Iwwerwaachungskamera virun der Hausdier vun der Nancy Guthrie manipuléiert. ABC no géif et keng Hiweiser, datt déi Persoun, déi elo festgeholl gouf, déi maskéiert Persoun vun den Opname wier.

Entfouert Mamm vun US-Moderatorin: Verdächtege festgeholl an neess fräigelooss
Am Fall vun der entféierter Mamm vun der US-Starmoderatorin Savannah Guthrie gouf US-Medien no eng Persoun festgeholl. Si koum kuerz drop nees op fräie Fouss.

Déi sechs Fotoen an dräi Videoen a schwaarz-wäiss, déi de Patel am Onlinedéngscht X publizéiert huet, weisen ee maskéierte Mënsch am Däischteren op dem Träpplek virun der Dier. De maskéierte Verdächtege gëtt als “arméiert” beschriwwen. D’Opname si vun deem Moien, un deem d’Nancy Guthrie verschwonnen ass, huet d’US-Starmoderatorin Savannah Guthrie dozou geschriwwen.

D’Nancy Guthrie gouf den Ermëttler no wuel virun iwwer enger Woch e Samschdeg den Owend oder e Sonndeg de Moien aus hirem Haus zu Tuscon, Arizona, entfouert. Wéinst dem Bekanntheetsgrad vun hirer Duechter Savannah Guthrie suergt d’Entféierung vun der 84 Joer aler Fra an den USA den Ament fir vill Schlagzeilen a Matgefill.

D’Kanner vun der verschwonnener Fra hunn antëscht schonn zwee emotional Messagen un d’Entféierer geriicht.

Back to Top
CIM LOGO