
Heineken huet e Mëttwoch d’Zuele vun hirem leschte Geschäftsjoer presentéiert an et gesäit net immens aus. D’Ventë ginn erof an et muss gespuert ginn. An den nächsten zwee Joer sollen deemno Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Tëscht 5.000 an 6.000 gi gestrach, gläichzäiteg wëll de Konzern seng Produktivitéit am groussen Ëmfang steigeren. Esou kéint een eminent Aspuerungen erzilen, heescht et vun de Responsabelen. Heineken ass den zweetgréisste Brauereikonzern op der Welt mat am Ganzen iwwer 85.000 Beschäftegten.
D’Ventë sinn am Geschäftsjoer 2025 ëm 2,4 Prozent erofgaangen, virun allem an Europa an an Amerika. Fir dat lafend Joer geet ee vun engem “onverännerte Konsum” aus, ma et wéilt ee weider “virsiichteg” bleiwen.
Den 52 joer ale Konzernchef Dolf van den Brink hat Mëtt Januar iwwerraschend säi Récktrëtt annoncéiert, dee vum 31. Mee u gëllt. E Grond hat hien net genannt, ausser, dass hie mengt, et wier “de richtegen Zäitpunkt.”