Wollt eng Verkéierskontroll evitéieren22 Joer jonke Mann gëtt no Poursuite zu Saarbrécken vun der Police erschoss

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Poursuite mat der Police ass d'Persoun, déi fortgefuer ass, duerch Schëss vu Beamten ëm d'Liewe komm.
© Kevin Schößler

Zu Saarbrécken koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu enger fataler Poursuite. En 22 Joer ale Mann ass duerch Schëss vu Policebeamten ëm d'Liewe komm, dat huet och elo de Parquet e Sonndeg confirméiert.

Wéi et de Medien an Däitschland no heescht, hätt de Chauffer vum Auto géint 1 Auer e Sonndeg de Moie versicht, sech enger Kontroll vun der Police ze entzéien a wier geflücht. An enger Sakgaass huet de Chauffeur du probéiert, ze dréien a soll dobäi eng Polizistin blesséiert hunn. Kuerz drop hu Berichter no Polizisten op den Auto vum Mann geschoss.

Um Steier vum Auto war der "Bild"-Zeitung no en 22 Joer ale Mann. Am Gefier sollen niewent dem Chauffeur nach dräi weider Persounen am Alter vun 19, 22 an 23 gewiescht sinn. Niewent dem Chauffer gouf och déi 19 Joer al Persoun am Auto getraff a blesséiert.

D'Blessure vum Chauffeu waren esou grav, dass hien nach op der Plaz u senge Verletzunge gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO