Projet vum Trump-Eedem Jared KushnerEskalatioune bei Maniff géint Hotel an Naturschutzgebitt zu Tirana an Albanien

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Tirana demonstréieren d'Leit zanter Enn Mee géint de Bau vu engem Luxushotel an engem Naturschutzgebitt. De Projet steet a Relatioun mam Eedem vum Donald Trump Jared Kushner.
Schonn zanter Enn Mee gëtt zu Tirana géint den Hotel-Projet demonstréiert.
© VLASOV SULAJ/NurPhoto via AFP

An der albanescher Haaptstad Tirana ass en Donneschdeg bei Protester géint en Tourismusprojet, dee mat der Famill vum US-President Donald Trump a Relatioun steet, zu gewaltsamen Eskalatioune komm. Et ass ewell fir d'zweet dës Woch, dass sech Demonstrante virum Parlament versammelt hunn, fir déi Deputéiert zur Ried ze stellen. Journaliste vun der Noriichtenagence AFP mellen, dass Demonstrante mat der Police uneneegerode wieren. Et wier zu Festname komm.

E puer honnert Polizisten hu virum Parlament op d'Demonstrante gewaart, fir dës zeréck ze drängen. Verschidden Demonstranten hätte versicht, d'Reie vun der Police ze duerchbriechen, wouropshin d'Beamte Pefferspray an e Waasserwerfer agesat hätten, fir d'Leit auserneen ze dreiwen. Wéi et vun der Police heescht, wieren néng Beamte blesséiert ginn, well Demonstrante Géigestänn op si geheit hätten. Ausserdeem wieren Policeautoen, déi an enger Niewestrooss geparkt waren, beschiedegt ginn. Doriwwer, wéi vill Leit festgeholl gi sinn, huet d'Police sech net geäussert. En Dënschdeg ware sechs Demonstrante festgeholl ginn, déi mat Steng op Policeween geheit haten.

An der albanescher Haaptstad Tirana demonstréieren zanter Enn Mee dausende Leit géint de Bau vun engem Luxushotel am Naturschutzgebitt Zvernec un der Südwest-Küst vum Land. De Projet steet a Relatioun mat der Duechter vum US-President Donaldt Trump Ivanka Trump an dëser hirem Mann, dem Jared Kushner. Wat als e Protest géint den Hotel ugefaangen huet, ass mat der Zäit eng breet Protestbeweegung ginn. D'Leit protestéieren antëscht géint Korruptioun, Probleemer am Gesondheetswiesen a bei de Pensiounen an de Mangel u Perspektive fir jonk Leit. Ëmmer méi Leit fuerderen och de Récktrëtt vum Regierungschef Edi Rama. Bis ewell sinn d'Demonstratioune gréisstendeels friddlech verlaf.

Back to Top
CIM LOGO