DamaskusOp d'mannst fënnef Doudeger bei Explosioun vu Bomm a syrescher Haaptstad

AFP, iwwersat vun RTL
Zanter dem Stuerz vum fréiere syreschen Diktator Baschar al-Assad, kënnt et zu Damaskus ëmmer nees zu déidlechen Uschléi.
Syresch Sécherheetsbeamte spären de Café no der Explosioun of
© LOUAI BESHARA/AFP

Op d'mannst fënnef Persoune wiere gestuerwen a 16 weiderer blesséiert ginn, wéi en Donneschdeg am Zentrum vun der syrescher Haaptstad Damaskus eng Bomm explodéiert ass. Dat mellt de syresche Gesondheetsministère. Dem syresche Staatsfernsee no wier d'Bomm an engem Café explodéiert.

Engem Journalist vun der Noriichtenagence AFP no wier am Quartier, an deem et zur Explosioun komm ass, Panik ausgebrach. Sécherheetsbeamten hunn de Café antëscht ofgespaart.

Zanter dem Stuerz vum fréiere syreschen Diktator Baschar al-Assad, kënnt et zu Damaskus ëmmer nees zu déidlechen Uschléi. Am Juni zejoert si bei engem Attentat op eng Kierch an der syrescher Haaptstad 25 Leit gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO