ThailandJong vun 11 Joer fiert mat Liwwerwon a Grupp vu Pilger - néng Mënche stierwen

AFP, iwwersat vun RTL
Ee Jong vun 11 Joer ass an Thailand mam Liwwerwon vu sengen Elteren an eng Grupp vu Pilger gefuer. Néng buddhistesch Mënche sinn dobäi ëmkomm.
Ein elfjähriger Junge hat in Thailand mit dem Lieferwagen seiner Eltern eine Pilgergruppe erfasst und neun buddhistische Mönche getötet. Wie die Polizei mitteilte, wurden bei dem Unglück im Nordosten des Landes mehr als 20 weitere Mönche verletzt.
Am Accident hunn néng buddhistesch Mënchen hiert Liewe gelooss.
© Ruamjai Mukdahan Rescue Foundation/AFP

Wéi d'Police matgedeelt huet, goufe beim Accident am Nordoste vum Land en Donneschdeg nach emol méi wéi 20 aner Mënche blesséiert. D'Kand soll sech éischten Informatiounen no onerlaabterweis hannert d'Steier vun der Camionette gesat hunn an hätt d'Kontroll iwwert de Won verluer hunn.

Déi betraffe Leit huet aus 35 Mënchen a fënnef Laie bestanen, déi wärend hirer Pilgerrees op enger Strooss an der Provënz Mukdahan ënnerwee waren, wou si um Bord vun der Strooss vum Liwwerwon erfaasst goufen. D'Autoritéiten hunn duerno confirméiert, datt et sech beim Verdächtegen ëm een 11 Joer ale Jong géif handelen.

"Ech hunn ee Jong gesinn, deen ee Liwwerwon gefuer ass an deen op eis duerkoum", sot de Mënch Phra Sompong an engem Video, dee vun de Secouriste verbreet gouf. "Bemol ass de Liwwerwon mat voller Vitess op eis duer gerfuer an ass an eis gerannt." Hie selwer wier nach mat Zäiten op d'Säit gesprongen an och déi éischt néng Mënche vum Pilgerzuch hätten iwwerlieft. "Mee anerer, déi touchéiert goufen, sinn duerch d'Loft geflunn", esou de Mënch.

Wéi d'Police mellt war de Jong ouni d'Erlabnis vu sengen Eltere mam Liwwerwon lassgefuer. Dunn hätt hien d'Kontroll iwwer de Won verluer a wier an d'Grupp gefuer. Fënnef Mënche wieren nach op der Plaz gestuerwen, dräi e wéineg méi spéit an der Klinick. D'Provënzautoritéiten hunn duerno nach den Doud vun engem weidere Mënch bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO