Éischt Fäll waren u Bord vu CroisièresschëffWHO erkläert Ausbroch vum Hantavirus fir eriwwer

AFP, iwwersat vun RTL
Zenter dem 25. Mee goufen et keng Neiinfektiounen mam Hantavirus méi.
© Photo by JORGE GUERRERO / AFP

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet den Ausbroch vum Hantavirus, dee säin Ursprong op engem Croisièresschëff hat, dat ënner hollänneschem Fändel gefuer ass, fir eriwwer erkläert.

Wéi de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus en Donneschdeg op enger Pressekonferenz matgedeelt huet, wier déi lescht Persoun, déi Kontakt mat enger vun de Persounen hat, déi u Bord vum Schëff dem Virus ausgesat waren, nom Enn vun hirer Quarantän negativ op de Virus getest ginn.

Domat wieren zanter dem 25. Mee keng Neiinfektioune vum Virus méi gemellt ginn. Et wier een dowéinst Frou, den Enn vum Ausbroch vum Hantavirus ze annoncéieren.

Back to Top
CIM LOGO