Dat Iewescht Geriicht vun der EU huet en Donneschdeg eng Rekord-Strof vu 4,1 Milliarden Euro confirméiert, déi d'Unioun géint Google wéinst anti-kompetitive Praktiken an Zesummenhang mat hirem Android-Betribssystem verhaangen hat.
Den Europäesche Geriichtshaff huet den zweete Versuch vum US-Techkonzern zréckgewisen, fir déi Strof opzehiewen, déi am Joer 2018 vun der Europäescher Kommissioun verhaange gouf. Et ass déi bis haut héchst Kartellstrof an der Geschicht vun der EU.
"De Geriichtshaff weist de vu Google an Alphabet ageluechten Appell zréck a confirméiert domat déi géint si verhaange Strof", huet d'Geriicht um Kierchbierg erkläert. Alphabet ass eng Mammegesellschaft vu Google a gouf fir en Deel vun der Geldstrof als mat verantwortlech fonnt.
D'Kommissioun, d'Kartellagence vun de 27 Memberstaaten, hate Google reprochéiert, d'Popularitéit vun hirem Android-Betribssystem ze mëssbrauchen, fir d'Competitioun um Marché anzeschränken. Si huet Google virgeheit, d'Hiersteller vun Android-Smartphonen dozou gedrängt ze hunn, hir Sichmaschinn an de Browser Google Chromo scho virzeinstalléieren, wouduerch Konkurrente quasi vu Grond aus ausgeschloss goufen an huet dowéinst eng Geldstrof an Héicht vu 4,3 Milliarden Euro verhaangen.
D'Feststellunge goufen 2022 vum Geriicht, dem zweethéchste Geriicht vun der EU, confirméiert. D'Geriicht, dat hire Sëtz zu Lëtzebuerg um Kierchbierg huet, huet d'Geldstrof dann awer e klengt Stéck op 4,1 Milliarden Euro erofgesat, wat awer ëmmer nach déi héchst Strof an der Geschicht vun der EU war.
Google ass duerno da virum Ieweschte Geriicht vun der EU, dem Europäesche Geriichtshaff, Appell ageluecht an argumentéiert, datt de Fall onbegrënnt wier an d'Sanktioun Innovatioune behënnere géif. An éischter Instanz hat d'Entreprise nach argumentéiert, d'EU hätt d'Praktike vun Apple, déi hir Déngschter wéi Safari op iPhonë privilegéiert, ze Onrecht ignoréiert. Donieft hu si gesot, datt hir Cliente guer net gezwonge wieren, hir Produiten op Android ze notzen an datt d'Erofluede vu konkurréierenden Appen nëmmen een Tippe mam Fanger fort wier.