13 Doudeger a méi wéi 86 BlesséierterKiew en Donneschdegmoien op en Neits vu grousser russescher Loftattack getraff

AFP
Déi ukrainesch Haaptstad war en Donneschdeg de Moien d'Zil vun enger grouss ugeluechter russescher Attack, bei där zivil Wunngebaier déidlech getraff goufen.
Un immeuble résidentiel détruit à Kiev, le 2 juillet 2026
E Wunngebai zu Kiew, dat en Donneschdeg de Moie getraff gouf.
© AFP

Déi ukrainesch Haaptstad gouf en Donneschdeg am fréie Moie vun enger grousser Unzuel un Dronen a Rakéite getraff, déi eng Rei Wunngebaier zerstéiert hunn. Dobäi soll et dem neiste Stand no 13 Doudeger a méi wéi 80 Blesséierter gi sinn. No engem éischte Bilan war nach vun néng Doudeger a 34 Blesséierter rieds.

Den ukrainesche President hat e Mëttwoch vun Dublin aus matgedeelt, datt en direkt op Kiew zréckgoe géif, well en e "grouss ugeluechten" Ugrëff vu Russland erwaarde géif. "Mir wëssen, datt de Putin dës massiv Attack op d'Ukrain schonn zanter enger Zäit preparéiert", huet en e Mëttwoch op enger Pressekonferenz an Irland gesot an d'Ukrainer opgefuerdert, "hir Virsiicht ze verduebelen, fir sech ze schützen".

De russesche Verdeedegungsministère huet en Donneschdeg confirméiert, e "massiven Ugrëff" op déi ukrainesch Haaptstad duerchgefouert ze hunn, "als Reaktioun op d'Terrorattacke vum Kiewer Regime géint zivil Infrastruktur. Donieft hätt een "Entreprisë vun der Rëschtungsindustrie an Energieanlagen" an d'Viséier geholl.

"Op en Neits ziilt de Feind bewosst op Wunngebitter a bréngt Zivilisten ëm. D'Schied si grouss an d'Zuel vun de Verwonnten héich, dorënner och Kanner", sou de Chef vun der Militärverwaltung Kiew Timur Tkatchenko op Telegram.

Back to Top
CIM LOGO