
Den Andrew - genannt "Andy" - Burnham gëtt e Freideg zum neie Chef vun der brittescher Labour-Party ernannt, éier hien e Méindeg offiziell als neie brittesche Premierminister vereedegt gëtt. Ma wien ass de Mann, deen nom Keir Starmer d'Regierungsgeschäfter am Vereenegte Kinnekräich wäert leeden, wéi ass hien un d'Muecht komm a firwat steet hie politesch?
No sengem Master am Engleschen zu Cambridge schafft den Andy Burnham fir d'éischt als Journalist, éier hien 1994 Mataarbechter vun der Labour-Deputéierter Tessa Jowell gëtt. No de Parlamentswalen 1997 gëtt hien da politesche Referent am Parlament fir den Daachverband vum brittesche Gesondheetssystem NHS. 1998 gëtt hie Conseiller vum deemolege Staatssekretär fir Kultur, Medien a Sport Chris Smith.
2001 ass hien an d'brittescht Parlament gewielt ginn, an deem hie bis 2017 souz. Wärend dëser Zäit hat hien ënnert de Labour-Premieren Tony Blair a Gordon Brown och verschidden héich Posten an der Regierung.
2010 an 2015 huet hien ouni Erfolleg fir de Poste vum Chef vun der Labour-Partei kandidéiert.
2016 huet hie schliisslech annoncéiert, dass hie sech aus der parlamentarescher Oppositioun zeréckzitt, fir bei der Buergermeeschter-Wal vum Metropol-Bezierk Greater Manchester ze kandidéieren. De 5. Mee 2017 huet hien dës Wal gewonnen. 2021 an 2024 gouf hien an dësem Amt confirméiert. Seng Wal-Erfolleger zu Manchester hunn him an de brittesche Medien de Spëtznumm "King of the North" abruecht.
Am Fréijoer 2026 rumouert et dann an der brittescher Regierung. No engem schlechte Score vun der Labour-Partei bei de brittesche Gemengewalen demissionéiert de Gesondheetsminister Wes Streeting an den Deputéierten Josh Simons gëtt säi Sëtz am Parlament op, wouropshin et zu Komplementar-Walen fir dëse Sëtz am Walkrees Makerfield kënnt. Ma et si genee dës Walen, déi den Andy Burnham den 18. Juni gewënnt, wouduerch hien nees britteschen Deputéierten, an esou fir de Poste vum Labour-Chef eligibel gëtt.
Den 22. Juni demissionéiert de Keir Starmer dann als Chef vun der Labour Partei an an der Konsequenz och als brittesche Premier. Vum 9. Juli u kënnen d'Labour-Deputéiert dann hir Kandidatur fir de Poste vum Parteichef areechen. De 15. Juli ass kloer, dass den Andy Brunham den neie Labour-Chef gëtt. Vu 403 Labour-Deputéierten hunn 349 annoncéiert, seng Kandidatur ze ënnerstëtzen.
Politesch zielt de Burnham zu der sougenannter "Soft Left" a Groussbritannien. Dës gëllt bannent der Labour-Partei als mëtt-lénks orientéiert. Si setzt op staark ëffentlech Investitiounen a sozial Ëmverdeelung, wëll dobäi awer méi pragmatesch virgoen, wéi den traditionell-lénke Parteifligel, dee méi un den Iddie vum fréieren Oppositiounschef Jeremy Corbyn gepräägt ass. De Burnham selwer bezeechent seng politesch Ausriichtung als "business-friendly socialism".
Um Ufank vu senger politescher Karriär huet hien nach zum zentristeschen Deel vu Labour gehéiert. Säi Wiessel hin zu lénker Säit vun der Partei huet hien haaptsächlech a senger Zäit als Buergermeeschter vu Manchester vollzunn. Als Buergermeeschter huet hien ënner anerem den ëffentlechen Transport, den abordabele Logement an déi ëffentlech Gesondheetsservicer zu Manchester ausgebaut. Dowéinst gëtt seng Politik an de brittesche Medien och dacks als "Manchesterism" bezeechent. Kritiker reprochéieren him wéinst dësem Wandel, dass hien e politescht Chamäleon ouni eegen Iwwerzeegunge wier.
Bannent dem leschte Joer ass de Burnham politesch ëfters mam Keir Starmer uneneegeroden. Ënnert anerem huet hien de Starmer kritiséiert, wéi dësen Aspuerunge bei de Sozialausgabe proposéiert huet.