
An Uganda sinn op d'mannst 21 Leit bei engem Accident vun engem Schoulbus gestuerwen. Bei den Doudesaffer soll et sech der Police no ëm 20 Kanner an eng erwuesse Persoun handelen. Dräi weider Erwuessener an eng net genee genannten Zuel u Kanner wier blesséiert ginn, wéi de Bus géint e Fiels gerannt ass a sech duerno iwwerschloen huet. Virdrun hätt de Chauffer d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer a wier mat dësem vun der Strooss ofkomm,heescht et vun der Police.
Den Ament vum Accident wier de Bus mat de Schüler um Heemwee vun engem Ausfluch gewiescht, wéi et am Bezierk Kapchorwa zum Accident komm ass.