Am Texas85 Joer alen Däitschen a Garde vun US-Awanderungsagence ICE gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Den Däitschen ass de 24. Juni an engem Spidol an der texanescher Stad Harlingen gestuerwen, wéi ICE en Donneschdeg (Lokalzäit) matgedeelt huet.
Ein 85-jähriger Deutscher ist im Gewahrsam der US-Einwanderungsbehörde ICE gestorben. Der Mann starb in einem Krankenhaus in Texas, wie ICE mitteilte. Er hatte den Angaben zufolge im August versucht, von Mexiko aus in die USA einzureisen.
Den Adrian Andreas F. soll deemno zanter November an engem Spidol zu Harlingen, Texas ënnert anerem wéinst méiglecher Demenz, héijem Bluttdrock an Tumeuren traitéiert gi sinn.
© AFP/Archiv

Ee 85 Joer alen Däitschen ass an der Garde vun der US-Awanderungsagence ICE gestuerwen. Den Adrian Andreas F. soll deemno zanter November an engem Spidol zu Harlingen ënnert anerem wéinst méiglecher Demenz, héijem Bluttdrock an Tumeuren traitéiert gi sinn. Ier d'Doudesursaach ka festgestallt ginn, mussen nach d'Resultater vun der Obduktioun ofgewaart ginn, huet d'Agence matgedeelt.

Den Däitschen hat ICE no probéiert, leschten August vu Mexiko aus an d'USA anzereesen, ier hie vun der US-Awanderungsagence festgeholl gi war. Ee Spriecher vum Auswäertegen Amt zu Berlin sot e Freideg, sengem Ministère wier de Fall bekannt. Mataarbechter vum däitsche Generalkonsulat am texaneschen Houston hätten de Mann betreit. Fir seng Privatsphär ze schütze kéint dat Auswäertegt Amt sech allerdéngs net méi detailléiert zu Fall äusseren.

ICE no war den Däitschen Adrian Andreas F. den 28. August un engem US-Grenzposten am texanesche Laredo ukomm. "Hien hat keng gülteg Dokumenter an him gouf d'Arees an d'Vereenegt Staaten ënnersot.", esou ICE. Däi Fall wier dunn un een Awanderungsriichter iwwergi ginn an den F. wier den 29. August an ICE-Detentioun komm. Den 1. Oktober hätt ICE den Däitschen dunn an eng Ariichtung fir Rehabilitatioun a betreit Wunnen iwwerstallt, ier en dann de 4. November an d'Spidol zu Harlingen ageliwwert gouf.

Den F. hätt "bis zu sengem Doud een enke Suivi an eng medezinesch Betreiung kritt", huet et vun der ëmstriddener US-Awanderungsagence geheescht. Den däitsche Generalkonsulat, d'Famill an d'privat Kontakter vum Mann wieren iwwer d'Detentioun informéiert ginn.

Mënscherechtsorganisatiounen no huet d'Zuel vun den Doudesfäll an ICE-Detentioun zanter dem Amtsuntrëtt vum President Donald Trump nei Héchststänn erreecht. Tëscht Januar 2025 a Juni 2026 wieren 52 esou Doudesfäll gemellt ginn, heescht et an engem Rapport, deen de 25. Juni vun Human Rights Watch a Physicians for Human Rights publizéiert gouf. D'Organisatiounen hunn de Virworf erhuewen, datt vill vun den Doudesfäll op eng schlecht medezinesch Versuergung zeréckzeféiere wieren.

An hirer Matdeelung zum Fall vum 85 Joer alen Däitschen huet ICE allerdéngs verséchert, datt all d'Leit an ICE-Detentioun "ëmfaassend medezinesch Betreiung" vun Ufank bis zum Schluss vun hirer Garde géife kréien. Et géif och "kengem Auslänner, dee festgeholl gouf, zu iergendengem Zäitpunkt vu senger Haft eng Noufallversuergung verweigert."

Back to Top
CIM LOGO