Regioun Paräis besonnesch betraffRonn 2.000 Doudesaffer duerch rezent Hëtztwell a Frankräich

AFP, iwwersat vun RTL
Besonnesch betraff war de Groussraum Paräis, deen eng dicht Populatioun huet, genee wéi d'Regioun Pays de la Loire am Banneland.
Während der jüngsten Hitzewelle in Frankreich sind gut 2000 Menschen mehr gestorben als in der Vorwoche. Dies bedeutet einen Anstieg um 30 Prozent, wie die Gesundheitsbehörde am Freitag in Paris mitteilte.
Déi zousätzlech Doudesfäll hu bal just Mënschen iwwer 45 Joer betraff, woubäi Leit iwwer 65 Joer dee gréissten Undeel ausgemaach hunn.
© AFP/Archiv

Wärend der rezenter Hëtztwell a Frankräich si gutt 2.000 Mënsche méi gestuerwen, wéi nach an der Woch virdrun. Dat ass eng Hausse ëm 30 Prozent, wéi d'Gesondheetsagence e Freideg zu Paräis matgedeelt huet. D'Zuel kéint awer nach weider klammen, huet d'Agence betount. Méi genee Zuele soll et wuel a ronn dräi Woche ginn.

Besonnesch betraff war de Groussraum Paräis, deen eng dicht Populatioun huet, genee wéi d'Regioun Pays de la Loire am Banneland. Do sinn d'Doudeszuelen jeeweils ëm gutt 60 Prozent geklommen.

Déi zousätzlech Doudesfäll hu bal just Mënschen iwwer 45 Joer betraff, woubäi Leit iwwer 65 Joer dee gréissten Undeel ausgemaach hunn. D'Zuel vun de Leit, déi Doheem gestuerwe sinn, huet sech bal verduebelt.

D'Santésministesch Stéphanie Rist geet allerdéngs dovunner aus, datt d'Zuel vun den Doudegen duerch d'Hëtzt net den Niveau vun 2003 erreeche wäert. Deemols ware 15.000 gréisstendeels eeler Mënschen un de Suitte vun der Hëtzt gestuerwen, eng 5.000 vun hinnen Doheem. Béid Evenementer wieren "net esou einfach ze vergläichen", sot si.

Autoritéite besser virbereet wéi 2003

Déi rezent Hëtztwell, déi offiziell vum 17. bis den 30. Juni gaangen ass an déi grouss Deeler vu Frankräich, mee natierlech och Lëtzebuerg an d'Ëmgéigend betraff huet, war zwar méi intensiv wéi déi vun 2003, ma d'Regierung huet drop higewisen, datt d'Autoritéite besser drop virbereet gewiescht wieren. An den Deeg mat de gliddegsten Temperaturen hätte klimatiséiert Fleegeheemer zum Beispill hir Dieren opgemaach fir Senioren aus der Noperschaft. Déi franséisch Regierung huet eng sëllegen Hiweiser verbreet, fir sech virun der Hëtzt ze schützen, an huet d'Leit opgeruff, sech ëm elengstoend Mënschen ze këmmeren.

Dem franséische Wiederdéngscht no ass d'Hëtztwell no 14 Deeg eréischt dëse Freideg op een Enn gaangen. De Seuil dofir ass eng Duerchschnëttstemperatur vun 22,2 Grad bannent 24 Stonnen un 30 verschiddene Wiederstatiounen. D'Hëtztwell vun 2003 ass zwar zwee Deeg méi laang gaangen, war awer net esou waarm wéi dës. Am Juni goufen a Frankräich déi dräi wäermsten Deeg zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen hannertenee gemooss.

Schonn de Weekend rechent de Wiederdéngscht mat enger neier Hëtztwell. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt Hëtztwellen am Kader vum mënschegemaachte Klimawandel méi intensiv a méi heefeg ginn.

Back to Top
CIM LOGO