
Bei enger russescher Attack wieren am Nordoste vun der Ukrain op d'mannst véier Persounen ëm d'Liewe komm. Dat huet déi lokal ukrainesch Militärverwaltung matgedeelt. Ënnert den Doudesaffer géing sech och e klengt Kand befannen. Dräi weider Persoune wiere blesséiert ginn.
Iwwerdeems mellt Moskau dräi Doudesaffer bei ukraineschen Attacken op zwou Grenzregiounen an op de russesch kontrolléierten Deel vun der ukrainescher Regioun Saporischschja. Eng Fra wier bei enger ukrainescher Rakéitenattack op d'russesch Stad Belgorod gestuerwen, sou de Buergermeeschter vun der Stad. Iwwerdeems wiere bei der Attack zivil Infrastrukture beschiedegt ginn. An der Regioun Brjansk wier dem lokale Gouverneur no e Mann ëmkomm. Iwwert dat drëtt Doudesaffer ginn et keng weider Informatiounen.
D'Ukrain hat no de massive russeschen Attacken op d'Haaptstad Kiew en Donneschdeg Géigenattacken annoncéiert.