Hëtztwell an den USATemperaturrekorder zu Washington DC an New York

AFP, iwwersat vun RTL
Virun allem d'Mëtt vum Land an den Oste vun den USA si vun der Hëtztwell betraff.
D'Hëtzt huet New York fest am Grëff
D'Hëtzt huet New York fest am Grëff
© CHARLY TRIBALLEAU/AFP

Bei der Hëtztwell an den USA goufen et op verschiddene Plazen déi éischt Temperatur-Rekorder. An der Haaptstad Washington DC sinn en Donneschdeg knapps 39 Grad Celsius gemooss ginn. Domat ass en 128 Joer alen Temperaturrekord fir en 2. Juli gefall. Zu New York am Central Park sinn en Donneschdeg 38 Grad gemooss ginn. Gefillt waren et der esouguer 41. Dem US-Wiederdéngscht no wier et fir d'lescht am Juli 2012 esou waarm gewiescht an der Metropol. Op anere Plazen zu New York louch d'Temperatur zäitweis esouguer bei 40 Grad. Och zu Boston gouf et mat 37 Grad en neien Temperaturrekord fir en 2. Juli.

Virun allem d'Mëtt vum Land an den Oste vun den USA si vun der Hëtztwell betraff. Meteorologen no dierft et iwwert de Weekend, op deem an den USA op ville Plaze Feierlechkeete fir den 250. Joresdag vun der Onofhängegkeet geplangt sinn, nach méi waarm ginn.

Experten no géif et keen Zweifel dru ginn, dass déi aktuell Hëtztwell mam Klimawandel zesummenhänkt.

Back to Top
CIM LOGO