Scho 4.900 Hektar verbranntA Südfrankräich kämpfen d'Pompjeeë géint massiv Bëschbränn

AFP, iwwersat vun RTL
Sechs Verdächteger, déi fir den Ausbroch vun de Bränn solle matresponsabel sinn, goufen antëscht festgeholl.
Um fréien Dënschdegowend war d'Feier, de Pompjeeën no, nach net ënner Kontroll.
© LIONEL BONAVENTURE/AFP

A Südfrankräich kämpfen d'Pompjeeën aktuell géint Bëschbränn, déi an der Suitte vum waarmen an dréchenem Wieder ausgebrach sinn. Obwuel et plazeweis Progrès gouf, sinn d'Flamen nach net ënner Kontroll.

Wéi de Präfekt vum Departement Pyrénées-Orientales Pierre Regnault de la Mothe matgedeelt huet, waren d'Bewunner un 20 Gemengen aus dem Departement opgefuerdert, hiert Doheem ze evakuéieren. Zuele vun de lokalen Autoritéiten no wiere ronn 12.000 Leit vun dëser Opfuerderung betraff. Nëmmen e Brochdeel dovu konnt antëscht nees zeréck bei sech heem. Bei hinnen handelt et sech ëm d'Residente vun zwou vun de betraffene Gemengen.

Um fréien Dënschdegowend war d'Feier, de Pompjeeën no, nach net ënner Kontroll. Et hätt een awer Fortschrëtter gemaach an d'Situatioun géif sech vu Stonn zu Stonn besseren. Schonn an der Nuecht war et gelongen, eng weider Ausbreedung vum Feier ze verhënneren, ënner anerem duerch geziilt Géige-Feier.

Zanter dem Ausbroch vum Feier zu Trévillach e Samschdegowend sinn 850 Pompjeeë mobiliséiert ginn. Den Autoritéiten no géife si aktuell ënner schwierege Konditiounen op enger Distanz vu 40 Kilometer géint d'Flame kämpfen. 4.900 Hektar si bis ewell verbrannt. Eelef Persoune goufe bis ewell liicht blesséiert, dorënner siwe Pompjeeën. Ausserdeem goufen eng Partie Gebaier beschiedegt.

De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet iwwerdeems annoncéiert, dass sechs Verdächteger festgeholl goufen. Si solle fir den Ausbroch vun de Bränn matresponsabel sinn.

Nieft dem Feier an de Pyrenäen mussen d'franséisch Pompjeeën aktuell och an den Departementer Drôme, Gard an Hérault géint d'Flame kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO