Forum fir VerdeedegungsindustrieLëtzebuerg baut Kooperatioun mat NATO-Partner weider aus

Pierre Weimerskirch
Den NATO-Sommet fänkt um Dënschdegowend mat engem Iessen un. Den Ament ass zu Ankara schonn e Forum fir d’Verdeedegungsindustrie, wou Lëtzebuerg weider Kooperatiounen annoncéiert huet.
NATO Ankara Defense Industry Forum
Zu Ankara ass um Dënschdeg e Forum fir d'Verdeedegungsindustrie, un deem och Lëtzebuerger Betriber deelhuelen.
© DILARA IREM SANCAR/Anadolu via AFP

D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sot am RTL-Interview, dass een elo dräi zousätzlech Kooperatiounen agaangen ass, respektiv verdéift huet.

Et gouf annoncéiert, dass 10 Global-Eye-Fliger vun der Firma Saab déi aktuell AWACS-E-3A-Maschinne sollen ersetzen. D'Zil wier et, eng europäesch Léisung ze hunn, fir de Loftraum ze sécheren.

D'Yuriko Backes: "Hei wäert Lëtzebuerg mat aneren Natiounen och dozou contribuéieren. Hei geet et ëm Radar-baséiert Iwwerwaachung, déi mer kënnen iwwert eisem Kontinent asetzen."

Lëtzebuerg huet scho viru méi laangem d'MRTT-Unitéit zesumme mat den Hollänner gegrënnt. Dat si Fligeren, déi an der Loft kënnen tanken. Mat Finnland gouf um Dënschdeg e weidert Land opgeholl an esou kënnt een op mëttlerweil zéng esou Fligeren. An den nächste Jore sollen nach zwee zousätzlech Fligeren dobäi kommen, esou d'Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch.

D'Yuriko Backes mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte.
D'Yuriko Backes mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte.
© DILARA IREM SANCAR / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

Bei Seelenen Äerden mat Partner zesummeschaffen

Fir och an Zukunft Accès op Seelen Äerden ze hunn, trëtt Lëtzebuerg engem Konsortium vu Länner bäi, déi den Accès op dës wäertvoll Ressourcë wëllen ofsécheren.

Et géif hei ëm d'Resilienz vu Liwwerkette goen, esou d’Yuriko Backes: "Hei ass et och wichteg ze ënnersträichen, dass mer mëttlerweil och Lëtzebuerger Entreprisen hunn, déi an dësem Domän aktiv sinn."

Fir Lëtzebuerg als Alliéierte vun der EU wier et wichteg, och an esou Kooperatioune mat ze wierken. Et wier awer och fir d'Lëtzebuerger Entreprisë wichteg an esou Koalitioun ze sinn.

Den NATO-Sommet fänkt offiziell um Dënschdegowend un a geet nach bis e Mëttwochowend.

Back to Top
CIM LOGO