
Staark Wiederen a Kombinatioun mat stiermeschem Wand hunn am Nordweste vu China zu Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche gefouert an op d'mannst 5 Doudesaffer gefuerdert. An der Provënz Gansu géifen 12 weider Persounen nach vermësst ginn, sou d'Staatsmedien um Dënschdeg. Rettungsekippe versichen, an déi betraffe Gebidder virzedréngen.
Am Zentrum an am Süde vu China sinn duerch staark Stierm op d'mannst 11 Mënschen ëm d'Liewe komm a weider 331 Persoune blesséiert ginn. Nieft Iwwerschwemmunge waren aus verschiddene Regiounen och Tornadoe gemellt ginn. Am Ganze wieren eng 5.000 Wunnengen oder Haiser beschiedegt ginn, 22 dovu komplett zerstéiert. An der Regioun Guangxi wieren donieft an engem Duerf tëscht 800 an 900 Schlaange fräi komm, déi an enger Zuucht gehale gi waren.
De chineesesche Staatspresident Xi Jinping huet gefuerdert, dass alles ënnerholl muss ginn, fir de Rettungsekippen ze hëllefen an no de Blesséierten ze kucken. Ausserdeem war et den Appell, déi betraffen Awunner ze relogéieren an déi néideg Precautiounen z'ënnerhuele bei de Rettungsaarbechten. No staarke Reeschauere ware schonn am Mee a China 22 Persoune gestuerwen.