Friddensgespréicher zu RoumIsraeeleschen Ausseminister annoncéiert Gespréicher fir nächst Woch mam Libanon zu Roum

AFP, iwwersat vun RTL
Zënter 1948 sinn de Libanon an Israel am Krich. Zil vun de Gespréicher ass et, Fridden tëschent deenen zwee Länner ze schaffen.
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul (lénks) an den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar (riets)
© CINDY RIECHAU/dpa Picture-Alliance via AFP

Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet fir déi nächst Woch eng nei Ronn vun de Friddensgespréicher mam Libanon an der italieenescher Haaptstad ugekënnegt. "Viru manner wei zwou Wochen hunn Israel, de Libanon an d'USA e Kader fir en historeschen Accord erreecht", sot de Saar en Dënschdeg bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mam däitschen Ausseminister Johann Wadephul zu Jersualem. "Dës Gespréicher sollen d'nächst Woch zu Roum an Italien virugeféiert ginn."

Den italieeneschen Ausseminister confirméiert dës Gespréicher: "Mir begréisse mat Freed d'Ukënnegung, dass déi nächst Gespréichsronn tëschent Israel an dem Libanon ënnert der Vermëttlung vun den USA zu Roum wäert sinn", erkläert hien op der Online-Plattform X. Engem Spriecher vum Ministère no wäert d'Gespréich de 15. a 16. Juli sinn.

Et wäert déi sechst Verhandlungsronn tëschent deenen zwee Nopeschlänner zënter Ufank dës Jores sinn. Israel an den Libanon si säit 1948 am Krich. Enn Juni hate si duerch d'Vermëttlung vun den USA e Kader-Accord ënnerschriwwen, fir Fridden tëschent deenen zwee Länner ze schaffen. D'Ofkommes gesäit vir, dass Israel sech nëmmen dann aus de besate libanesesche Gebidder zeréckzitt, wann déi libanesesch Regierung d'Hisbollah-Miliz, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, entwaffent.

D'Hisbollah hat nom Ufank vum Iran-Krich Israel vum Libanon aus mat Rakéiten ugegraff. Israel huet doropshi mat Attacken am Libanon an enger Buedemoffensiv reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO