SudanOp d'mannst 15 Doudesaffer bei Dronenattack

AFP, iwwersat vun RTL
Am Sudan bekämpfe sech zanter dräi Joer d'Arméi an d'Rebelle vun de sougenannte "Rapid Support Forces".
En Zaldot vun der sudaneesescher Arméi steet virun engem Panzer, deen am Krich beschiedegt gouf.
En Zaldot vun der sudaneesescher Arméi steet virun engem Panzer, deen am Krich beschiedegt gouf.
© EBRAHIM HAMID/AFP

En Dënschdeg ass et am Bundesstaat Nord-Kurdufan am Sudan zu zwou Dronenattacken op Gefierer komm. Enger lokaler Mënscherechtsorganisatioun no wiere bei béiden Ugrëff zesummen op d'mannst 15 Ziviliste gestuerwen, dorënner fënnef Fraen.

Der Mënscherechtsorganisatioun "The Emergency Laywers" no hätt eent vun de Gefierer Gäscht vun enger Hochzäit transportéiert. dat anert hätt Waasser geluede gehat. Wien hannert den Attacke stécht, wier aktuell net gewosst. D'Organisatioun dokumentéiert zanter dräi Joer Verstéiss géint d'Mënscherechter, zu deenen et am Kader vum Krich tëscht der sudaneesescher Arméi an de Rebelle vun de "Rapid Support Forces" kënnt.

Back to Top
CIM LOGO