
Russeschen Informatiounen no huet déi ukrainesch Arméi méi wei 400 Dronen op Moskau lancéiert. Zenter e Méindeg den Owend wiere ronn 430 Drone vun der Ukrain a Richtung Moskau gestart, huet de Buergermeeschter vun der russescher Haaptstad Sergej Sobjanin en Dënschdeg de Moien an den Online Medien erkläert. "Déi meescht
Drone konnten awer schonns vun der Loftofwier wäit viru Moskau neutraliséiert ginn. 36 weiderer si beim Ugrëff op d'Haaptstad zerstéiert ginn."
Dem Gouverneur vun der russescher Regioun Belgorod Aleksandr Schuwajew no huet déi ukrainesch Arméi d'Stad, déi am Südweste vu Russland läit, wéi och d'Regioune ronderëm, mat enger Partie Rakéiten ugegraff. Eng Persoun aus dem Duerf Belowskoje an der Géigend vu Belgorod ass beim Ugrëff em d'Liewen komm, sou de Schuwajew op der staatlecher Online-Plattform "Max". De Méindeg sinn duerch russesch Ugrëff op d'Ukrain 30 Leit gestuerwen.
An deene leschte Méint huet d'Ukrain hir Dronenugrëff op Moskau wäit hannert der Front verstäerkt. Dësen Ugrëff vun der Ukrain an der Nuecht op en Dënschdeg war kuerz virum Start vum NATO-Sommet an der Tierkei. Bei de Gespréicher vun der Militärallianz steet och déi weider Ënnerstëtzung vu Kiew um Programm. Zu dësem Treffen ass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj agelueden.