Hëllefen, wou et nëmme geet. Dat ass d’Missioun vu Médecins sans frontières, dacks a Krisegebidder oder bei Naturkatastrophen.

Mee hëllefen, wann et keng richteg Kaart vun der Asaz-Plaz gëtt, dat mécht d‘Saach dann nach méi schwéier. Leider ass dat awer a ville Länner an ofgeleeëne Gebidder ganz dacks de Fall.

Sougenannten Mapathons sollen dee Problem léisen a mir waren d'lescht Woch derbäi, beim alleréischten hei zu Lëtzebuerg.