Sozialist Sánchez gewënnt d'Walen, kritt awer keng Majoritéit

© AFP
A Spuenien goufen e Sonndeg ronn 37 Millioune Bierger opgeruff, fir en neit Parlament ze wielen.
No de Neiwalen a Spuenien zeechent sech weider keen Auswee aus der politescher Kris of.
D’Sozialiste vum Premier Pedro Sánchez goufen zwar nees stäerkste Kraaft, hunn awer nees keng néideg Majoritéit fir eleng ze regéieren.
Déi rietspopulistesch Vox-Partei gouf drëtt-stäerkste Kraaft, a konnt hiert Resultat vu bis ewell verduebelen, a sëtzt domat elo am Parlament, wou si op iwwer 50 Deputéiert zu Madrid kommen. Fir d’éischte Kéier nom Doud vum Diktator Franco viru 44 Joer, huet domadder eng ultra-riets Partei nees méi wéi ee Sëtz an der spuenescher Chamber geholl.

Et waren déi 4. Parlamentswahlen a Spuenien an de leschte 4 Joer, an op e neits ass eng Patt-Situatioun erauskomm.
Dat rietst Lager kritt definitiv keng Majoritéit beienee, an déi lénks-geriichte Parteien bleiwen därmoossen zerstridden, dass eng Allianz onméiglech ass. Bis op eng Minoritéits-Regierung, déi vun de Regional-Parteien toleréiert gëtt, mä och dat ass éischter onwahrscheinlech.

Spuenien huet net vill Erfarung mat Regierungskoalitiounen. Méi wéi 40 Joer laang konnt entweder déi sozialistesch oder déi konservativ Partei eleng regéieren. E Sonndeg hu sech d'Stëmme vun de Spuenier op fënnef verschidde Parteien am Parlament verdeelt.
Esou lues hunn d'Spuenier es awer genuch mat deene ville Walen. E Sonndeg gouf mat enger relativ niddreger Walbedeelegung gerechent. Ënnert anerem d'Zuel vun de Leit, déi d'Bréifwal ugefrot hunn, wier massiv agebrach.