Wéinst dem Ausbroch vum neien Coronavirus gëtt d’Millioune-Stad Wuhan, am Zentrum vu China, bis op Weideres isoléiert.

Sämtlech Flich an Zich, déi aus der Stad erausginn, goufen annuléiert an all Awunner, deen d’Stad wëll verloossen, brauch eng speziell Autorisatioun.

Domadder soll verhënnert ginn, dass de Virus sech weider ausbreet. Et geet een jo dovun aus, dass e säin Ursprong op engem Véimaart an där Millioune-Stad huet.

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet iwwerdeems hir Krisesëtzung verlängert. Et wéilt een och en Donneschdeg nach emol beieneekommen, fir mat neien Daten de Risk vun enger Pandemie ofzeschätzen.

Bis ewell si vu chineesescher Säit 41 Doudesaffer confirméiert an iwwer 1.300 Infizéierter a China. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet den internationalen Noutstand bis elo nach net ausgeruff.

Vu Peking koum dann d'Nouvelle, datt een d'Feierlechkeete e Samschdeg fir dat chinesescht neit Joer wéinst dem Virus géif ofsoen. Och verschidden Touristenattraktioune goufe gespaart.