Net de Corona, mä déi spuenesch Gripp war déi schlëmmst
E kënnt deemno wéi séier an onerwaart – a munchmol ass en och richteg geféierlech. De Coronavirus beschäftegt momentan déi ganz Welt.
Eng Situatioun, wéi mir se den Ament erliewen, gouf et am 21. Joerhonnert nach ni. Pandemien an Epidemien sinn et awer schonn ëmmer ginn. Verschiddener haten nach vill méi schro Konsequenze wéi de Coronavirus. Eleng den normale Grippevirus, och Influenza genannt, fuerdert och all Joer weltwäit vill Mënscheliewen. D'Patricia Baum kuckt zréck op e puer historesch Pandemien aus dem leschten Joerhonnert bis haut.
Déi wuel schrooste Gripp war d'spuenesch Gripp, déi 1918 déi éischte Kéier ausgebrach ass. Duerch déi prekär Situatioun, an där d'Welt deemools scho war, nämlech dem 1. Weltkrich, konnt de Virus sech séier verbreeden a vill Affer fuerderen. Am Ganze gëtt geschat, datt méi Leit un der spuenescher Gripp wéi duerch den 1. Weltkrich gestuerwe sinn. Déi genee Zuele konnten ni nogewise ginn, well deemools keng Tester gemaach gi sinn. Ma schätzungsweis sinn op der ganzer Welt bis zu 50 Millioune Leit un der spuenescher Gripp gestuerwen, bei enger Weltbevëlkerung vun 1,6 Milliarden.
Deemools hu Fuerscher awer gemengt, et wier eng Aart vu Longepescht, well d'Krankheet esou séier a schro verlaf ass. Eréischt 1933, duerch eng Isolatioun vun Influenza-Viren, hunn d'Fuerscher erausfonnt, datt et sech ëm e Grippe-Virus gehandelt huet. Ma wou de Virus deemools hierkomm ass, léisst sech net méi erausfannen. De Krankheetsverlaf war aus deem Grond esou schlëmm, well och d'Medezin nach net esou evoluéiert war. Antibioticken, invasiv Beootmung an Impfungen gouf et net. Ma och déi schlecht Liewenskonditiounen an aner Krankheeten, wéi Tuberkulos, hunn dozou bäigedroen. Verschidde Mesuren, fir de Virus ze stoppen, waren deemools och ganz anescht, zu New York zum Beispill ass et verbuede ginn, op de Buedem ze späizen. 500 Leit sinn dowéinst verhaft ginn. A wie keng Mask un hat, krut eng fatzeg Geldstrof.
Bis haut ass déi spuenesch Gripp déi schlëmmsten Influenza-Pandemie an der Geschicht. D'Krankheet ass de schwaarzen Dout oder vun den Amerikaner "purple death" genannt ginn. Duerch de Sauerstoff-Mangel huet sech d'Gesiicht nämlech blo-mof verfierft.
Déi wuel am längsten undauernd Pandemie ass d'Cholera. Hei handelt et sech ëm eng bakteriell Infektiounskrankheet, déi meeschtens duerch dreckegt Drénkwaasser verbreet gëtt. Déi alleréischt Pandemie geet op d'Joer 1817 zréck an zanterdeem ass d'Cholera och ni ganz verschwonnen. Déi lescht schlëmm europäesch Epidemie war 1892 zu Hamburg. Duerno ass Europa zu enger plus minus Cholera-fräier Zon ginn. Vill aner Länner hunn nach ëmmer mat der bakterieller Krankheet ze kämpfen. Am Jemen ass 2017 déi historesch schwéierst Cholera-Epidemie ausgebrach. Iwwer 1 Millioun Leit hu sech infizéiert an 2.00 sinn dru gestuerwen. D'Probleemer leien dacks an deene Länner, wou Drénk- an Ofwaassersystemer net vunenee getrennt sinn.
Den éischten neie Virus aus dem 21. Joerhonnert, dee fir Opreegung an Angscht gesuergt huet, war de Sars-Virus vun 2002 bis 2003. De Virus kënnt och aus der Famill vun de Corona-Viren, war manner ustiechend wéi de Covid-19 vun haut an awer huet de Virus sech an nëmmen e puer Wochen vu Südchina am Rescht vun der Welt verbreet. 6 Méint huet eis de Virus deemools beschäftegt. Weltwäit goufen et ëm déi 8.000 confirméiert Fäll an 774 Doudesaffer. D'Mesure beim Sars ware Reeswarnunge fir Süd-Ost-Asien, Zwangsquarantän a ganz Stad-Deeler sinn desinfizéiert ginn.
D'Sars-Pandemie vun 2002 stoung deemools symbolesch fir e Warn-Beispill, nämlech fir eng séier Verbreedung an enger vernetzter a globaliséierter Welt. Déi Symbolik kënne mir haut wuel mat Covid-19 ënnerschreiwen.