Zu Dijon a Frankräich war de Weekend eng méi lass. Wéi "France Bleu" confirméiert, gouf et e Freideg eng Massekläppereien do tëscht zwou Drogebanden.

Déi eng Band, déi sech selwer als Tschetschen revendiquéiert, wollt eegenen Aussoen no där anerer Band, fir si d'"Maghrebinnen" eng zeréckginn, well dës ee jonken Dealer Deeg virdrun zerklappt hätten. E Samschdeg hätte sech d’Vertrieder vu béide Bande gesinn, fir d’Tensiounen erëm ze calméieren, sou "France Bleu". E Proprietär vun enger Pizzeria war vun enger Kugel getraff a schwéier blesséiert ginn.

No den Ausernanersetzunge gouf vun der Regierung decidéiert, déi lokal Police ze verstäerken. Méi ewéi 100 zousätzlech Beamte sollen an der Regioun Bourgogne an den Asaz kommen, wéi de Buergermeeschter vun Dijon, de François Rebsamen, e Méindeg no engem Telefonsgespréich mam Franséischen Inneminister Christophe Castaner matgedeelt huet.