Um Samschdeg war eng Manifestatioun vu 15.000 bis 20.000 Leit, déi géint d'Pandemie an d'Mesuren vun der Regierung protestéiert hunn.

D'Police war mat iwwer 1.100 Beamten am Asaz an huet d'Maniff schonn no 3 Stonne missten opléisen, well keng Hygiènesmesuren agehale goufen. Et gouf och Plainte géint den Organisateur gemaach. 18 Poliziste goufen och bei der Maniff blesséiert, 3 dovunner hunn missen am Spidol versuergt ginn.

De Slogan vun der Manif war "Das Ende der Pandemie - Tag der Freiheit". Den Titel "Tag der Freiheit"ass och dee vun engem Nazi-Propagandafilm vun 1935.

Kritik vun der Politik un den Demonstranten

Déi däitsch Politik awer warnt viru weideren an ze séieren Deconfinementer. "Mir mussen domadder rechnen, datt Corona nees mat voller Wucht zouschléit" seet den CSU-Chef Markus Söder. Vill Leit wiere méi liichtsënneg am Ëmgang mam Virus ginn. Dozou gehéieren eben och déi Leit, déi am léifsten direkt all d'Mesuren nees wëllen ophiewen, respektiv all déi Verschwierungstheoretiker. De Söder bezweifelt dann och, datt am August nei Deconfinementer decidéiert ginn, dat och, well déi zweet well quasi do ass. De Politiker ka sech och schwéier virstellen, datt an nächster Zäit Futtball mat Zuschauer am Stadion ka gespillt ginn.

Demonstratioune sollen och a Corona-Zäite méiglech sinn, "awer net esou" huet den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn op Twitter geschriwwen. Och hei muss den Ofstand, Hygiènesreegelen an d'Maskeflicht agehale ginn. Déi Reegele wieren do, fir d'Leit ze schützen. D'Pandemie wier just mat "Vernonft, Ausdauer an Teamgeescht" ze meeschteren, esou den CDU-Politiker.

Méi haart huet dat d'SPD-Politikerin Saskia Esken ausgedréckt: "Tausende #Covidioten feiern sich in Berlin als 'die zweite Welle', ohne Abstand, ohne Maske".

Wisou ginn d'Leit géint d'Corona-Mesuren demonstréieren?

Déi Fro hunn d'Kolleege vun den Tagesthemen dem Expert fir Rietsextremismus Olaf Sundermeyer gestallt. Fir hien ass de Problem do an Däitschland op d'mannst kloer. Hei hätt ee vill Impfgéigner, Reichsbürger a Mënschen, déi net dru gleewen, datt et de Coronavirus iwwerhaapt gëtt. D'Demonstranten denken, datt d'Pandemie eng Erfindung vun der Bundesregierung wier, fir d'Vollek besser ze dirigéieren. Vill Leit wieren einfach der Meenung, datt si ugelu ginn.