Den 22. August markéiert den "Earth Overshoot Day", deen Dag, op deem d'Mënsche weltwäit theoretesch all Ressourcen opgebraucht hunn.

D'international Organisatioun Global Footprint Network berechent all Joer de sougenannten "Earth Overshoot Day". Wéinst den héijen Emissiounen an der massiver Ofholzung gouf den Dag zanter den 1970er Joren all Joer no vir geréckelt.

Wéinst dem Coronavirus an dem resultéierende Confinement sinn d'Emissiounen dëst Joer, am Verglach mam leschte Joer, ëm 9.3% erofgaangen. Esou ass dann och den "Earth Overshoot Day" op e Samschdeg verréckelt ginn, amplaz, wéi d'lescht Joer, den 29. Juli.

Zu Lëtzebuerg war den Datum vun deem Dag ewell de 16. Februar erreecht - dat heescht also, dass, wann d'Leit weltwäit esou géife mat hire Ressourcen ëmgoen, wéi dat hei am Land de Fall ass, wieren d'erneierbar Ressourcen ewell Mëtt Februar verbraucht an et bréicht een 8 Welten, fir de Ressourcë-Verbrauch vun der globaler Populatioun ze decken.

Am Kader vun dësem Dag freet de Nationalen Nohaltegkeetsrot zum Ëmdenken, absënns wat de Konsum vu Fleesch an déieresche Produkter ugeet, mee natierlech och a puncto Benotze vu fossillen Energien a Stroum.

D'Fassong ze liewen an ze verbrauchen, façonéiert also wéi mer mat de Ressourcen ëmginn an dës kënne schounen. D'Stéchwierder heeschen deemno Energie-Spueren, Kreeslafwirtschaft, Recycling, Ausbau vum ëffentlechen Transport, de Fleeschkonsum limitéieren an allgemeng de Wirtschaftsmodell iwwerdenken.

De President vum Global Footprint Network insistéiert, dass dëst trotzdeem kee Grond ass, ze zelebréieren, well et net d'Resultat vun enger Ännerung am System ass, mä direkt mam Covid-Desaster zesummenhänkt. Et ass, wéi wann ee Geld ausgëtt, wat een net huet - dat kann net gutt goen op laang Dauer, esou de Wackernagel.