No laange Verhandlunge si sech d'Transportministeren aus Groussbritannien a Frankräich eens, datt d'Grenze via Loft, Waasser a Schinnen e Mëttwoch opginn.

Tëscht béide Länner zirkuléieren all Dag bis zu 10.000 Camionen. An der Nuecht op e Méindeg gouf d'Verbindung tëscht Kontinentaleuropa a Groussbritannien virleefeg mol fir en Zäitraum vun 48 Stonnen ënnerbrach. Eng Moossnam, déi sech op den Trafic an der Grenzregioun ausgewierkt huet.

Ronn 650 Camione stiechen den Ament op der Autobunn M20 tëscht Dover a London fest, 873 wieren a Richtung Fluchhafen Manston ëmgeleet ginn. Verschidde Chauffere waarden zanter iwwert engem Dag an hire Gefierer, anerer scho 50 Stonnen, sou den Ulli Oppold, Korrespondent vum däitschen RTL.

RTL

© JUSTIN TALLIS / AFP

Eng 2.000 Gefierer goufen op engem Flughafen ofgestallt, deen net méi a Betrib ass.

Vun e Mëttwoch un ass d'Grenz Groussbritannien-Frankräich nees op

Wéi de franséischen delegéierten Transportminister via Twitter matgedeelt huet, sollen d'Fligeren, d'Schëffer an och den Eurostar vun e Mëttwoch un nees tëscht der Insel an dem europäesche Festland fueren. Leit, déi mat engem legitimme Grond wëllen an oder aus Groussbritannien reesen, mussen awer en negativen Test virweisen. A sengem Tweet huet hien déi gutt Aarbecht mat sengem britteschen Homolog Grant Shapps gelueft.

Wuere verdierwen an de Camionen

Sollt de Wuereverkéier en Dënschdeg net nees opgeholl ginn, kéint dat batter Konsequenze fir d'Verbraucher hunn, warnt de britteschen Eenzelhandelsverband BRC (British Retail Consortium). Rieds geet nämlech ëm frësch Liewensmëttel wéi Zalot, Geméis an Uebst, déi solle geliwwert ginn. Schonn elo wiere Wueren a Milliounen Héicht verduerwen. An fir d'Camionschauffere sinn dëst onmënschlech Zoustänn, well si hei ouni sanitär Anlage mussen auskommen.

EU fuerdert, d'Grenzen erëm opzemaachen

En Dënschdeg de Mëtteg koum d'Fuerderung vun der EU-Kommissioun un d'Memberstaaten, dass d'Reesverbueter a Richtung Groussbritannien a vun do aus a Richtung Heemecht sollen zeréckgeholl ginn. Vun net "noutwennegen" Reese gëtt awer ofgedroen.

RTL

© AFP/JUSTIN TALLIS