Op selwechten Niveau wéi IS, Hamas an Al-KaidaKaja Kallas wëll Iranesch Revolutionsgarden als Terrororganisatioun klasséieren

AFP, iwwersat vun RTL
D'Iranesch Revolutiounsgarde solle mat Terrororganisatioune wéi dem IS, der Hamas an der Al-Kaida gläichgestallt ginn. Dat hofft op d'mannst d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas.
Die EU-Außenbeauftragte Kallas geht davon aus, dass die iranischen Revolutionsgarden auf die sogenannte EU-Terrorliste gesetzt werden. Sie erwarte, "dass wir uns darauf einigen, die Iranischen Revolutionsgarden auf die Terrorliste zu setzen", sagte Kallas in Brüssel.
D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kalles erwaart, datt d’EU-Ausseministeren déi Iranesch Revolutiounsgarden op déi selwecht Lëscht setze wéi den IS, d’Hamas an d’Al-Kaida.
© AFP

D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas geet dovun aus, datt déi iranesch Revolutiounsgarden op déi sougenannt EU-Terrorlëscht gesat ginn. “Mir setzen nei Sanktiounen op d’Lëscht, an ech erwaarden ausserdeem, datt mir eis dorop eenegen, déi Iranesch Revolutiounsgarden op d’Terrorlëscht ze setzen”, sot d’Kallas en Donneschdeg virun engem Sommet vun den EU-Ausseministeren zu Bréissel. “Wien als Terrorist handelt, sollt och als Terrorist behandelt ginn”, huet si argumentéiert.

D’Ophuelen op d’Lëscht géing d’Revolutiounsgarden “op en Niveau mat Al-Kaida, Hamas an dem IS” setzen, sot d’Kallas mat Verweis op aner Gruppen op der Lëscht.

Vun de 27 EU-Länner huet virun allem Frankräich laang als Géigner vum Klassement vun de Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun gegollt. E Mëttwoch den Owend huet sech déi franséisch Regierung awer fir dee Schrëtt ausgeschwat. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet dëst en Donneschdeg domat begrënnt, datt et fir déi am Iran “begaange Verbriecher keng Stroflosegkeet” dierf ginn. D’lescht Woch hat schonn Italien en änleche Wiessel gemaach.

D’Ophuelen op d’Terrorlëscht gëllt besonnesch als symbolesche Schrëtt, well d’EU d’Revolutiounsgarde schonn am Kader vun der Liwwerung vu Massevernichtungswaffe sanktionéiert hat. Donieft goufe sëllege Membere vum Grupp mat Sanktioune beluecht. Dorënner d’Afréiere vu Verméigenswäert an der EU an Arees- a Finanzéierungsverbueter.

Am Kader vun de Protester géint d’Regierung am Iran hunn iranesch Forcen Aktivisten no Dausende Leit ëmbruecht. Zéngdausende goufe festgeholl. D’Autoritéiten hunn zäitweis eng Internetspär verhaangen. D’Revolutiounsgarden hu beim Néierschloe vun de Protester eng zentral Roll gespillt.

Back to Top
CIM LOGO