A 16 Departementer geet et nees zeréck an de Confinement

De ganzen net-essentielle Commerce muss nees fir 1 Mount laang zoumaachen an et gëlle verschäerften Ausgangslimitatiounen.
Frankräich geet nees an e Confinement. Net am ganze Land, mä do wou d’Infektiounszuelen nees reegelrecht explodéiert sinn, also a 16 Departementer, am Norden, un der Côte d’Azur a virun allem am Groussraum Paräis.
De ganzen net-essentielle Commerce muss nees fir 1 Mount laang zoumaachen an et gëlle verschäerften Ausgangslimitatiounen, sot en Donneschdeg den Owend de Premier Jean Castex. Coiffere kënnen awer opbleiwen, dëst ënner strengen Hygiènesmesuren.
D’Schoule bleiwen zwar op, allerdéngs och mat Limitatiounen am Secondaire.
De Couvre-feu gëllt dann elo fir ganz Frankräich, net méi scho vun 18 Auer, mä eréischt vun 19 Auer un.