Däitschland geet iwwer Ouschteren an e strenge Lockdown

© POOL/AFP/Michael Kappeler
Tëscht dem 1. an dem 5. Abrëll sinn d'Awunner an Däitschland opgeruff, esou vill wéi méiglech Doheem ze bleiwen.
De Lockdown u sech gëtt bis den 18. Abrëll verlängert. Dat hunn d'Bundeskanzlerin Angela Merkel an d'Ministerpresidente vun de Länner an der Nuecht op en Dënschdeg festgehalen. Wann d'7-Deeg-Inzidenz an engem Landkrees op iwwer 100 klëmmt, misst konsequent d'Noutbrems gezu ginn.
Tëscht dem 1. an dem 5. Abrëll, vu gréngen Donneschdeg bis Ouschterméindeg mat, trëtt allerdéngs en nach méi strenge Lockdown a Kraaft. Jidderee soll quasi Doheem bleiwen. Just um Karsamschdeg hunn d'Supermarchéen op.
De private Kontakt soll och limitéiert sinn, maximal 5 Leit aus zwee Stéit sinn erlaabt. Kanner bis 14 Joer zielen net mat.
Do, wou d'Terrassen op hunn, musse se fir déi 5 Deeg nees zougoen.
Däitschland reagéiert domat op d'Zuel vun den Neiinfektiounen. Déi klammen nämlech zanter 3 Wochen. D'Verhandlungen tëscht Bund a Länner hunn iwwer 11 Stonne gedauert. Déi grouss Ronn war awer fir e puer Stonnen ënnerbrach wéinst engem Sträit iwwer Vakanz am eegene Bundesland.
D'Situatioun wär „ganz, ganz eescht", sot d'Angela Merkel no 3 Auer um Enn vun den Diskussiounen. Virsiicht a Flexibilitéit wären déi decisiv Begrëffer.