Virun 32 Joer hat China d'Protester bluddeg Néiergeschloen. Verschidde Konsulater zu Hongkong hunn deem um Freideg geduecht.

Schaarf Kritik gouf et u China dowéinst un den auslänneschen Administratiounen, well dës ënner anerem Käerzen opgestallt haten. "Et ass eng ongehuwwelt politesch Show" huet e Spriecher vum chineseschen Ausseministère zu Hongkong gesot.

D'Vertreidung vun den USA an den EU haten um Joresdag vun de Tiananmen-Protester Käerzen an hir Fënstere gestallt a Fotoen dovunner am Internet publizéiert. China huet de Konsulater virgeworf, sech an Interna vu China an Hongkong anzemëschen. Washington a Bréissel goufe gewarnt, datt ee "mam Feier spillt".

"All Versuch, Hongkong ze instrumentaliséieren, fir d'Festland ze sabotéieren oder ze ënnerwanderen, iwwertrëtt eng rout Linn", esou de Hongkonger Büro vum chineseschen Ausseministère.

U sech gëtt zu Hongkong um Dag vun der Dot ëmmer eng "Mahnwache" organiséiert, un där zéngdausende vu Leit deel huelen. Dës war awer dëst Joer op en Neits wéinst de Coronamesurë verbuede ginn. Géint déi Leit, déi awer wollten drun deelhuelen, ass d'Police massiv virgaangen.