Dramatesch Fluchtversich aus Kabul, Taliban besetze wichteg Posten
Zanter e Sonndeg den Owend probéieren Dausenden Ziviliste verzweiwelt a Fligeren ze klammen, fir virun den Taliban ze flüchten.
Verzweiwelt Mënsche klammen op Fligeren a blockéiere Fuerbunn
Nodeems d'Taliban e Sonndeg och d'Muecht an der Haaptstad Kabul iwwerholl hunn, fäerten elo vill Afghanen ëm hiert Liewen a probéiere verzweiwelt mat alle Moyenen nach aus dem Land erauszekommen. Um Fluchhafe vu Kabul spille sech deels dramatesch Zeenen of, wou Leit probéieren a Fligeren eranzekommen, déi si aus dem Land kéinte bréngen. Berichter no sinn op d'mannst 7 Leit um Fluchhafe verscheet. Et ass allerdéngs nach net kloer, ob si an der Massepanik gestuerwe sinn oder erschoss goufen. Engem Vertrieder vum Pentagon no hunn US-Zaldoten 2 arméiert Männer doutgemaach, déi hir Waffen "op eng bedreelech Aart a Weis geschwongen hunn".

US-Zaldot um Fluchhafen zu Kabul riets am Bild / © AFP/Wakil KOHSAR
Zanter e Sonndeg ginn dann och keng kommerziell Flich méi vu Kabul fort. Dat heescht, d'Leit mussen alleguer mat Militärfligeren evakuéiert ginn. Dramatesch Biller gesäit een op ënnert anerem Twitter, wou Leit probéieren op eng Maschinn vun der Air-Force ze klammen, éier déi fortflitt. Spéider gesäit een, wéi Leit nom Start an der Loft eroffalen. Dräi Männer sinn op engem Hausdaach gelant an dobäi ëm d'Liewe komm.
Air-Force Fliger
Fir där deels chaotescher Situatioun Här ze ginn, sollen US-Zaldoten, déi de Fluchhafen zu Kabul zum Deel ofsécheren, an d'Loft geschoss hunn. Domat hätt een Honnerten Afghane wëllen dovun ofhalen, den Tarmac ze stiermen, fir u Bord vum Militärfliger ze kommen, esou en US-Representant.
Tweet-Fluchhafen
Taliban besetze wichteg Posten
Wéi d'Bewunner vu Kabul der Noriichtenagence DPA matgedeelt hunn, hunn d'Taliban mëttlerweil wichteg Poste besat, dorënner d'Policestatiounen a Gebaier vun den Autoritéiten. Si hunn och vu Kämpfer geschwat, déi arméiert a Police-Gefierer duerch d'Stad gefuer sinn.
Diplomaten a Mataarbechter vun Ambassadë ginn no an no evakuéiert
Déi militäresch Flich wiere fir Diplomaten, Personal vun Ambassaden a lokal Mataarbechter geduecht. An déi ginn och elo no an no ausgeflunn. Länner wéi Schweden an déi vereenegt arabesch Emirater hunn erkläert, dass all hir Leit d'Land verlooss hätten. Eng 70 italienesch a ronn 20 afghanesch Mataarbechter vun der italienescher Ambassade sinn an der Nuecht op e Méindeg mat hire Famillen a Richtung Roum geflunn. Ier d'Taliban zu Kabul amarschéiert sinn, hat Italien schonn eng 230 Afghane mat hire Famillen aus dem Land bruecht. Wéi vill lokal Mataarbechter nach an Afghanistan waarden, wollt d'Regierung awer net soen.
Dat däitscht Militär ass amgaang, eng Loftbréck an d'Nopeschland Usbekistan anzeriichten, fir d'Leit erauszehuelen. 10.000 Mënschen, däitsch Staatsbierger, awer och Afghanen, déi besonnesch a Gefor sinn, géifen evakuéiert ginn, esou d'Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi och sot, datt ee mat méi Flüchtlinge géing rechnen. Franséisch Militärfligere wäerten tëscht Kabul an de Vereenten Arabeschen Emirater rotéieren.
Gespréicher tëscht Politiker an Taliban-Leader
De russeschen Ausseministère huet iwwerdeems erkläert, dass hiren Ambassadeur mat Taliban-Leaderen a Kontakt wier an en Dënschdeg hire Sécherheetscoordinateur géif treffen. D'chinesesch Regierung huet e Méindeg de Moie matdeele gelooss, si wéilt eng frëndlech Relatioun mat den Taliban. Aus dem Iran heescht et, et soll een „d'Néierlag" vun den USA eng Opportunitéit verwandelen.

Den Hamid Karzai 2019 a Russland. / © AFP
De fréieren afghanesche President Hamid Karzai sot an engem Interview mat der BBC, hie wier am Kontakt mat den Taliban, fir Fridden an d'Land ze bréngen. De Karzai war vun 2001 bis 2014 President vum Afghanistan. Hie wier ee vun dräi Memberen an engem Conseil, déi dru géinge schaffen, eng friddlech Muechtiwwergab z'assuréieren. Déi aner Membere wieren de Gulbuddin Hekmatyar, Chef vun der Hezb-e Islami Partei, an den Abdullah Abdullah, Member vum Reconcilliatiounsconseil.
Si wiere mat de Cheffe vun der Taliban a Kontakt a géinge sech mat hinne koordinéieren, esou de Karzai géigeniwwer der BBC. Dat wichtegst wier elo, d'Liewen an d'Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren. D'Taliban géingen elo dominéieren an hie géing hoffen, datt déi Dominatioun staark an am Interêt vun der afghanescher Populatioun wier.
Bouf vum Ahmed Schah Massud rifft zum Widderstand op
De Jong vun enger Symbolfigur vum afghanesche Widderstand huet zum Kampf géint déi radikal-islamesch Taliban opgeruff. Hie wëll verhënneren, dass d'"Tyrannei am Afghanistan triumphéiert". Afghanen aus dem ganze Land goufen animéiert, sech ronn 150 Kilometer nërdlech vu Kabul ze versammelen. Pandschirtal ass nämlech eng vun de leschte fräie Regiounen am Land. Donieft huet den Ahmed Massud un d'Weltgemeinschaft appelléiert, hir Lutte ze ënnerstëtzen. Säi Papp hat an den 80er Jore géint d'sowjetesch Besatzung vum Afghanistan gekämpft, tëscht 1996-2001 hat hie sech am Kampf géint d'Taliban engagéiert. Den 9. September ass hie bei engem Selbstmordattentat vum Terrornetz Al Kaida ëm d'Liewe komm.
Kritik un den USA
Parallel gëtt et ëmmer méi Kritik um US-President Joe Biden. Kritiker mengen, d’USA hätten déi aktuell Situatioun kënne verhënneren, wa se just puer Dausend Zaldoten am Land gelooss hätten. Dës Kritik léist den amerikaneschen Ausseminister esou net gëllen. Et hätt ee sech un en Accord gehalen, deen de viregte President Donald Trump am Februar d'lescht Joer mat den Taliban geschloss hat a wou hie versprach hat, d'Truppe bis Mee 2021 ofzezéien. An där Zäit hätten d'Taliban dann och keng US- an Nato-Truppe méi attackéiert. Hätten d'USA sech awer net un deen Accord gehalen, hätten d'Taliban dat ganz sécher och net méi, esou den Antony Blinken.
“Had the president decided to stay, all gloves would have been off. We would have been back at war with the Taliban attacking our forces. The offensives you see across the country almost certainly would have proceeded. We would have had about 2,500 forces in country with air power; that would not have been sufficient to deal with the situation and I would be on your show right now, explaining why we were sending tens of thousands of forces back into Afghanistan to restart a war that we need to end.”
D'Kritik vum brittesche Verdeedegungsminister Wallace riicht sech dann och net un den Joe Biden, ma u säi Virgänger, deen e faulen Deal mat de Radikalislamiste gemaach hätt. An dat, obscho mir alleguer wéissten, dass de Problem am Afghanistan net geléist wier. Déi international Communautéit wier an där Saach ze kuerzsiichteg gewiescht.
D'EU fir hiren Deel misst elo dréngend iwwert d'Situatioun am Afghanistan beroden, och en vue vu méigleche Flüchtlingsstréim a Richtung Europa. Dat fuerderen déi fënnef Mëttelmierstaate Griicheland, Italien, Spuenien, Malta an Zypern an engem Bréif un déi slowenesch EU-Rotspresidence.
Caritas fuerdert verstäerkt humanitär Hëllef
D'Lëtzebuerger Caritas fuerdert an engem Communiqué, datt d'humanitär Hëllef trotz Risike grad elo misst verstäerkt ginn. Wéinst der schlechter wirtschaftlecher Lag am Land an der Corona-Pandemie géinge 60 Prozent vun den Afghanen ënnert der Aarmutsgrenz liewen. Honnertdausende Mënschen, déi probéiert haten, sech zu Kabul virun der Taliban a Schutz ze huelen, géingen elo an ëffentleche Park schlofen.
Nach virun a puer Woche wier den Dokter vun der Caritas Lëtzebuerg Godehard Engels am Afghanistan gewiescht, fir ënnert anerem ze kucke wéi d'Spideeler sech kéinten op eng Iwwernam vun der Taliban preparéieren. D'Vitesse, mat där dat geschitt wier, hätt awer jiddereen iwwerrascht. Den Ament kéinten d'Spideeler awer nach fonctionéieren.
D'Caritas mécht och e Spendenopruff, fir d'Aarbecht op der Plaz z'assuréieren.
International hunn och d'Médecins sans frontières an den Internationale Kommitee vum roude Kräiz verséchert, datt si weider am Afghanistan wäerte schaffen.